GovTech Lab Luxembourg

©MinDigital

Aleedung

De Lëtzebuerger Staat verfügt neierdéngs iwwer ee GovTech Lab, deen d'GovTech an d'oppen Innovatioun matenee kombinéiert, fir d'Entwécklung an d'Verbesserung vun den digitalen ëffentleche Servicer ze beschleunegen.

D'Zilsetzung vum GovTech Lab, deen aus enger Zesummenaarbecht tëschent dem Digitaliséierungsministère a senger technologescher Hand, dem staatlechen Zenter fir Informatiounstechnologien (CTIE), entstanen ass, ass et, eng Kultur vun Innovatioun a Verännerung beim Staat ze encouragéieren an ze ënnerstëtzen. Deemno sollen déi besteeënd Prozeduren an déi operationell Ofleef iwwerduecht a Prinzipie wéi den Digital by Default, den Design Thinking oder de Service by Design an d'Gestaltung vun neie Léisunge mat abruecht ginn.

De Grondgedanke vum Lab ka mat follgende Wierder resuméiert ginn: experiment, exchange, innovate.

Firwat ee GovTech Lab zu Lëtzebuerg?

Eng vun de strategeschen Achse vum Ministère betrëfft d'Weiderentwécklung vum eGovernment, an de GovTech Lab ass eng vun den Aktiounen, déi den Digitaliséierungsministère an dësem Beräich ëmsetzt.

Wat bedeit GovTech?

De Begrëff GovTech ass relativ rezent a bezeechent d'Benotzen oder d'Entwécklung vun technologesche Léisungen, déi d'digital Transformatioun vum ëffentleche Secteur virundreiwe sollen, mam Zil, d'Qualitéit vun de Servicer géintiwwer de Bierger an de Betriber ze verbesseren an iwwer méi gëeegent Tools ze verfügen, déi d'Effizienz vun den ëffentleche Verwaltungen ënnerstëtzen.

Méi genee representéiere bzw. ënnerstëtzen d'GovTech d'Evolutioun zum Digital Government, dee sech duerch einfach, sécher, zougänglech an effizient Servicer fir d'Bierger charakteriséiert. Wuertwiertlech steet GovTech fir "Technologië fir d'Regierung", opgebaut wéi d'Begrëffer FinTech ("Technologië fir d'Finanzen") oder MedTech ("Technologië fir d’Gesondheet"). Allerdéngs ëmfaassen d'GovTech eng méi breet Palett vun Aktiounen, déi den ëffentleche Secteur méi gewieweg a méi orientéiert op d'Innovatioun maache sollen, fir esou d’ëffentlech Servicer technologesch méi funktionell ze gestalten.

Wat bedeit oppen Innovatioun?

Allgemeng entsprécht d'oppen Innovatioun all den Innovatiounsprozeduren, déi op Deelen an Zesummenaarbecht baséieren. Si soll op Kenntnisser ausserhalb vun hirem gewéinlechen Ëmfeld zeréckgräifen, fir ze vermeiden, datt isoléiert geschafft gëtt.

Dës extern Kenntnisser beräicheren d'Innovatiounsaktivitéiten a stellen e grousse Virdeel duer: D'Iddie gi besser mat de besteeënde Besoine verbonnen a ginn och éischter den Erwaardunge vun de Benotzer gerecht. D'Entwécklungsléisunge fërderen d'Qualitéit vun den erziilten Iddien a verstäerken d'Rapiditéit vun der technologescher Entwécklung.

D'Benotze vu der oppener Innovatioun an dem ëffentleche Secteur huet d'Zilsetzung, déi besteeënd extern Kenntnisser ze benotzen, dat heescht, d'Aféiere vun Iddien, Kompetenzen oder innovativen Technologië vun Entreprisen, Start-uppen, Selbstännegen/Freelancer, Studenten oder Fuerscher, déi d'Innovatioun beim Staat wëllen ënnerstëtzen a verstäerken.  Dës Methodologie ass am private Secteur scho wäit verbreet, a mam GovTech Lab gëtt se elo och am lëtzebuergeschen ëffentleche Secteur agefouert.

D'Missioune vum GovTech Lab

De GovTech Lab huet dräi Missiounen, fir dem Zil vum Digitaliséierungsministère a vum CTIE gerecht ze sinn.

Mat "Calls for challenges" an "Calls for solutions" d'Innovatioun beim Staat beschleunegen

Et handelt sech ëm eng duebel Missioun: Engersäits geet et drëm, duerch "Calls for challenges" (Opriff fir Erausfuerderungen) eng Kultur vun der Innovatioun bei de Verwaltungen ze entwéckelen. Iwwer dee Wee kann eng ëffentlech Verwaltung, bestoend Problemer mellen, déi mat Hëllef vun innovativen (digitalen, technologeschen oder konzeptuellen) Léisunge verbessert oder geléist kéinte ginn. Anerersäits, no der Identifizéierung vun enger Erausfuerderung, déi vun enger oder méi Verwaltunge proposéiert gouf, verëffentlecht den Digitaliséierungsministère en "Calls for solutions" (Opruff fir Léisungen). D'Zil ass, mat externen Acteuren, wéi Start-uppen, Fuerscher, Selbstännegen, Betriber, oder och Studenten asw. zesummenzeschaffen, fir innovativ Léisungen ze entwéckelen.

Duerch spezialiséiert Evenementer eng GovTech-Communautéit schafen  

De GovTech Lab ergänzt dat besteeënd Ekosystem vu sëllegen Acteuren, déi innovativ Léisungen entwéckelen a fërderen. E soll d’Dréischeif schlechthi gi vun den digitale Bedierfnesser, den neien Technologien an den innovative Léisunge beim Staat. An deem Sënn ginn transversal oder spezialiséiert Evenementer organiséiert, intern beim Staat, awer och mat externen Acteuren fir eng GovTech-Communautéit zu Lëtzebuerg ze schafen.

E Referenz- an Treffstanduert fir d’Staatsbeamte schafen, déi sech fir d'GovTech interesséieren

Dem GovTech Lab säin innovativen Espace am neie Gebai vum CTIE soll den Echange tëschent de Verwaltungen an/oder den Ekippe vum CTIE vereinfachen an d'Kreativitéit stimuléieren, mam Zil d'Iddien ze testen.

"Calls for solutions"

De GovTech Lab kann op 2 Méiglechkeeten zeréckgräife fir mat Ekonomeschen Acteuren zesummenzeschaffen: d’Innovatiounspartnerschaft an de SpeedUP.

D'Innovatiounspartnerschaft ass eng Prozedur vun enger Dauer vun 8-14 Méint, déi manner restriktiv wéi aner ëffentlech Ausschreiwungen ass, wouduerch méi extern Acteuren deelhuele kënnen. Am Laf vun der Partnerschaft ginn d’Kandidaten dozou opgeruff hir Léisunge virun engem Jury ze presentéieren deen sech zesummesetzt aus Membere vum Digitaliséierungsministère, vum CTIE, vun der Verwaltung, déi den Challenge proposéiert huet, an aus externen Experten, déi jee nom Thema vum "Call for solutions" ausgewielt ginn.

De SpeedUP ass eng 2 Méiglechkeet fir "Calls for solutions", déi duerch eng reduzéiert Lafzäit vu maximal 8 Méint ebësse méi kurz ass an déi sech och an der Thematik vun der Innovatiounspartnerschaft ënnerscheet. Beim SpeedUP kann et sech em d’Sich no enger neier oder bestoender technologescher Léisung handelen, em eng juristesch Analys, oder awer och ëm ee Konzeptvirschlag. Am Fall vum SpeedUP gëtt just ee Kandidat zeréckbehale fir déi gefrote Léisung, Etüd oder Konzept ze liwweren.

Aktualiséiert