Strategesch Achsen

Véier strategesch Achsen fir e gemeinsamt Zil 

De Ministère fir Digitaliséierung huet sech den Erfolleg vum Digital Government als Zil gesat. Laut der OECD ënnerscheet  et sech duerch eng Approche déi méi effikass, geselleg, integrativ an och inklusiv ass, a berout haaptsächlech op folgende Krittären:

  • eng digital Gestaltung vun den Demarchen;
  • eng Administratioun mam Schwéierpunkt op d'Endbenotzer, d.h. op de Bierger (mat oder ouni spezifesche Besoinen) oder op d’Betriber;
  • d'Regierung als Plattform, déi d'Co-Kreatioun an d'ëffentlech aktiv Participatioun tëscht Regierung, Betriber an Zivilgesellschaft fërdert;
  • eng oppe Regierung - Open by default – als Referenz zu de Servicer, déi um Niveau vum Open Data proposéiert gidëse Prinzip verstäerkt an ass verbonne mam Prinzip vun der Transparenz a mat engem ëffentleche Secteur, deen op Donnéeën baséiert;
  • proaktiv Verwaltungen.

D’strategesch Achse vum Ministère sinn op Basis vun dese Krittären opgebaut. 

1. Weiderentwécklung vum eGovernment

Baséierend op d'Objektiver, déi am Koalitiounsvertrag vun der Regierung festgehal goufen, huet de Ministère fir Digitaliséierung héich Ambitioune betreffend der Digitaliséierung vun de Verwaltungen. Et geet drëms esou d'Demarchen vu Bierger a Betriber ze vereinfachen andeems de Staat digital Servicer zur Verfügung stellt, déi einfach ze benotze sinn, awer och innovativ a fir jiddereen zougänglech.

D'Informatiounsportal Guichet.lu souwéi d'geséchert an transaktionaalt Portal MyGuichet.lu wierken als Dréischeif fir d'Interaktiounen tëschent Bierger, Betriber an dem Lëtzebuerger Staat. Duerch dës Portaler kënnen d'Benotzer administrativ Demarchen online maachen a se kréien Accès zu de perséinlechen Daten, déi de Staat iwwert si huet.

Dës zwee Portaler, déi vum staatlechen Zenter fir Informatiounstechnologien (CTIE -Centre des technologies de l'information de l'Etat) – der technologescher Hand vum Ministère – geréiert ginn, baséieren op de Prinzippie vum digital by default, vum once only, vun der Inklusioun an der Zougänglechkeet, vun der Ouverture an Transparenz, vun der Zouverlässegkeet an der Sécherheet, souwéi vun der Interoperabilitéit a vun der Standardiséierung.

De Ministère an de CTIE schaffe stänneg un der Verbesserung an der Entwécklung vun neie Funktionalitéiten op MyGuichet.lu wéi zum Beispiel dem etracking oder der Applikatioun GouvCheck déi d'Echtheet vun engem offiziellen Dokument vum Staat kontrolléiert esou wéi d'Integritéit vun den Informatiounen déi drop stinn. Et gëtt och intensiv an d’Ausbaue vum "mobile government" (mGovernment) investéiert.

Zudeem schafft de Ministère stänneg mat enger grousser Unzuel vu staatlechen Entitéiten, fir nei online Demarchen unzebidden, an och déi Demarchen, déi schonn disponibel sinn, ze perfektionéieren.

Technologesch Innovatioun ënnerstëtzen

De Ministère wëll d'technologesch Innovatioun beim Staat am Intérêt vun de Bierger an de Betriber virundreiwen. Fir dat z'erreeche ginn Initiativen organiséiert, wéi Events, Challengen, Hackathonen am Beräich vun der technologescher Innovatioun. Dëst soll den Experte vum CTIE erméiglechen zesumme mat externen Acteuren un der Entwécklung vu Solutiounen am eGovernment Beräich ze schaffen. Dës Approche spigelt en neie Verwaltungsmodell vun der technologescher Innovatioun beim Staat erëm.

2. Virubrénge vun der administrativer Vereinfachung

D'Regierung engagéiert sech zënter e puer Jore fir eng Vereinfachung vun der Verwaltung a vill Fortschrëtter goufen och scho gemaach. Allerdéngs ass d'Vereinfachung vun den administrative Formalitéiten a Prozedure kee Verfaren, dat stëll steet. De Ministère fir Digitaliséierung setzt hei op technologesch Solutiounen a schafft an der Kontinuitéit vum Engagement vun der Regierung, fir de Bierger a Betriber en einfachen a séchere Kader unzebidden, wann se a Kontakt mam Staat trieden.

De Ministère fir Digitaliséierung wëll d'Ministèren a Verwaltunge weider sensibiliséieren, fir d'Relatioun mat de Bierger an de Betriber ze vereinfachen, eng Vereinfachung déi fir jiddereen vu Virdeel ass. Esou soll all neie Projet, neit Gesetz oder Prozedur vu vir eran och "digital" opgestallt ginn, an déi, déi et scho ginn, adaptéieren, do wou et néideg ass.

D'Digitaliséierung vun de staatleche Servicer an d'administrativ Vereinfachung musse parallel lafen, fir déi gewënscht Resultater ze erreechen. All d'Ministèren a Verwaltungen hunn an hire Programmer konkret Digitaliséierungsprojete stoen. Fir dass Lëtzebuerg eng exemplaresch Verwaltung kritt, déi esou zur ekonomescher Attraktivitéit vum Land bäidréit, mussen all dës Efforte konsolidéiert an zesummebruecht ginn. Duerch Methoden an Technologie vum 21. Jht. ass et méiglech d'Qualitéit vum ëffentleche Service ze verbesseren an den Ziler vun der administrativer Vereinfachung méi no ze kommen.

Eng partizipativ Approche 

Am Kontext vun der administrativer Vereinfachung wielt de Ministère och eng Approche, déi een als "oppen Innovatioun" oder "kollaborativ Innovatioun" bezeechne kann. Eng "oppen Innovatioun" baséiert op Deelen an Zesummenaarbecht. Mat dëser Approche ginn d'Bierger invitéiert aktiv um digitale Wandel matzewierken.

Dës participativ Approche weist sech konkret duerch Gov-Jams, participativ Atelieren oder d'Ëmsetzung vu, der co-creativer Plattform www.zesumme-vereinfachen.lu. De Ministère, andeems hie sech op d'perséinlech Erfarunge vun de Participanten stäipt, wëll esou innovativ Léisungen op Mooss proposéieren, déi de Bedierfnesser vun de Bierger entspriechen.

An anere Wierder, de Ministère fir Digitaliséierung strieft d'Integratioun vun de Bierger an der Phas vun der Konzeptioun vun den digitale Servicer a Produkter un, souwéi d'Vereinfachung vun den administrativen Demarchen, fir him Tools oder Funktionalitéiten ze proposéieren, déi méi u seng Besoinen ugepasst sinn. D'Zil ass, d'Liewe vun de Benotzer ze vereinfachen, andeems hir Bedierfnesser a Demanden am Alldag, souwéi an hirer Kommunikatioun mat de Staatsverwaltunge berücksichtegt ginn.

3. Promotioun vun der digitaler Inklusioun

Eng vun den Haaptmissioune vum Ministère betrëfft d'digital Inklusioun, de Prozess, deen als Zil huet, Digitaliséierung fir jiddereen zougänglech ze maachen, an him d'Kompetenzen ze vermëttelen, déi zum Hiewel fir seng sozial an ekonomesch Inklusioun ginn. Dës Missioun entsprécht dem Engagement vun der Regierung, sech mat all Pist ze befaassen, wouduerch jidder Bierger um digitale Wandel vun der Gesellschaft abegraff ka ginn. Doduerch wëll d'Regierung géint d'digital Spaltung wierken, déi an der Gesellschaft opkomme kéint.

Ënnert digital Spaltung, oder digitale Broch ass den Ënnerscheed gemengt betreffend d'Chancë fir den Accès un den ICT an d’Benotzung vum Internet fir eng grouss Vilfalt vun Aktivitéiten. Bierger kënne mat engem eventuellen digitale Broch konfrontéiert ginn. D'digital Inklusioun steet fir d'Efforten, déi ze leeschte sinn, fir deen ze reduzéieren. An deem Kontext, gëtt dem Benotzer gehollef fir online Servicer korrekt ze notzen a seng digital Fäegkeeten ze entwéckelen. Et geet drëms, sécher ze stellen, datt verschidde Spalte vun der Gesellschaft (wéi eeler Leit, behënnert Leit, Leit ouni déi néideg digital Kompetenzen, oder Leit mat begrenzte Finanzressourcen) net Affer vun engem digitale Broch ginn wa sie mat administrativen Demarchen (z.B. am Beräich vun der sozialer Sécherheet) oder mat private Demarchen (z.B. Banktransaktiounen) ze dinn hunn, souwéi an der Aarbechtswelt an an der Gesellschaft am Allgemengen.

D'Erausfuerderung besteet doranner, aus der Digitaliséierung eng Chance fir jiddereen ze maachen, e Schlëssel fir ee Wandel op den individuellen, kollektiven, sozialen a wirtschaftlechen Niveauen, andeems een den Accès zu Hëllefsmëttel, Kompetenzen a Beruffer fir all d'Bierger zu Lëtzebuerg méiglech mécht.

Wéi de Marc Hansen, delegéierte Minister fir Digitaliséierung, et regelméisseg präziséiert, "Digitaliséierung soll op kee Fall nëmme fir eng Elite sinn, an och net fir eng méi vernetzten Altersgrupp". Et geet drëms, d'Bedürfnisser an de Wëlle vun deenen z'identifizéieren, déi en "integralen" Iwwergang op d'Digitaltechnologien net wëllen oder domat net eens ginn: en Deel vun de Senioren, Leit ouni Internetzougang, déi, déi di néideg Kompetenzen oder Tools net hunn oder einfach déi, déi d'Digitaltechnologien net wëlle benotzen. Déi Leit sollen ouni Nodeel all hir administrativ Demarche weider analog kënne maachen.

4. Data Governance assuréieren

De Ministère huet sech d‘Zil gesat d’Potenzial vun den Donnéeë fir de Bierger an dem ëffentlechen Déngscht ze notzen, andeems e Léisungen entwéckelt an asetzt fir a Richtung vun engem "Data Driven Public Sector" ze goen, d.h. en ëffentleche Secteur deen d'Donnéeë benotzt, fir besser am Déngscht vun de Bierger a Betriber ze stoen.

Um nationalen an internationale Plang wiisst bei den ëffentlechen Déngschter de Besoin Donnéeën an Dokumenter auszetauschen a mat anere Servicer ze interagéieren. Doriwwer eraus hëlt och d’Komplexitéit an Interdependenz tëschent de Servicer kontinuéierlech zou. Dës Entwécklunge schafen en ëmmer méi dréngende Besoin fir e grousse Grad un Interoperabilitéit op allen Eben ze erreechen an dauerhaft oprecht ze erhalen. Dëst och mam Zil de legitimme steigenden Erwaardunge vun der Politik an de Bierger a Betriber gerecht ze ginn.

De Ministère fir Digitaliséierung huet dem Regierungsrot an dem Kontext de "National Interopability Framework" proposéiert. Dëse soll en allgemenge Kader bidde fir d’Entitéiten aus dem ëffentleche Secteur déi drënner falen ze hëllefen en héije Grad un Interoperabilitéit ze erreechen. Den Digitaliséierungsministère ass mat der Ëmsetzung dovunner beoptraagt ginn. Zu dem Zweck huet de Ministère en nationale Comité fir Interoperabilitéit gegrënnt (CNI) deen sech aus Vertrieder aus de verschidde Secteuren zesumme setzt, esou wéi och 7 sektoriell Comitéë fir Interoperabilitéit (CSI).

Den digitale Wandel vun der Gesellschaft verwierklecht sech a gëtt duerch d’Integratioun vun neien Technologie beschleunegt. De Ministère fir Digitaliséierung huet d'Zilsetzung, d'Digitaliséierung an d'Innovatioun am ëffentleche Secteur ze fërderen. Dofir promovéiert en Technologien, wéi de Big Data, d’Blockchain, d'kënschtlech Intelligenz, den IoT, d'Anonymiséierung vun den Daten, asw.

Et geet drëms, op nei Solutiounen opmierksam ze maachen, an d'Technologien de Ministèren a Verwaltunge virzestellen, fir Reflexiounen iwwert d'Problemer unzereegen, déi dank dëse Solutioune geléist kënne ginn. Dat ka gemaach ginn, duerch Appellen u Projeten, wéi dat de Fall ass fir d'kënschtlech Intelligenz, duerch d'Formatioun vu Konsortien, fir op europäesch Appeller fir Projeten z'äntweren oder duerch Fuerschungsprojeten a Fuerschungszentren zu Lëtzebuerg. Et geet och drëms, sech mam Rechtskader ze befaassen an déi néideg Upassungen ze maachen, fir d'Digitaliséierung an d’Innovatioun virun ze dreiwen.

D’Obligatioun fir Betriber an Independanten hir Rechnungen am Kader vun engem Marché public dem Staat elektronesch ze schécke gehéiert och an dës strategesch Axe vum Ministère. Mat dëser Obligatioun wëll d’Regierung d’Ausgangsbedingungen schafe fir eng vollstänneg Digitaliséierung an Automatiséierung vun de Prozesser fir d’Préiwung, Validatioun an d’Bezuele vu Rechnunge vu Säite vum Staat méi einfach a méi effizient ze gestalten. Dëst wäert zu méi kuerzen Delaien beim Bezuele féieren an och zu enger systematescher Digitaliséierung an Automatiséierung vun de Marchés publics féieren, wat dann eng Erhéijung vun der Effikassitéit an eng Verréngerung vum administrativen Opwand fir d’Betriber wäert erbäiféieren.

Aktualiséiert