De Ministère

D'Liewen vun de Bierger an de Betriber vereinfachen

De Ministère gouf geschaf fir déi allgemeng technesch Entwécklung an de Beräicher, déi fir eis Ekonomie wichteg sinn, virun ze dreiwen a fir nei Strategien ze entwéckelen, déi eist Land no vir bréngen. Doriwwer eraus soll en och den Alldag vereinfachen andeems déi eenzel administrativ Prozesser verbessert ginn. E groussen Deel vun den Aktivitéite vum Ministère fir Digitaliséierung huet als Haaptzil, d'Liewe vun de Leit ze vereinfachen.

De Ministère ass e "Facilitateur" an e Koordinator fir aner Partner a Ministèren, déi wëllen hir Aktivitéiten am Beräich vun der Digitaliséierung ausbauen.

Eng oppen Innovatioun privilegiéieren

D'Regierung wëll hir Efforte virunzeféiere fir eng méi grouss Transparenz, a fir de Bierger verstäerkt anzebezéien.

Deemno setzt de Ministère fir Digitaliséierung op eng Approche, déi "Open Innovation" oder "oppen Innovatioun" genannt gëtt, déi gewéinlech definéiert gëtt als "bewosst Agäng an Ausgäng vu Kenntnisser fir d'intern Innovatioun ze beschleunegen". Eng oppen Innovatioun steet also am Géigesaz zu engem geschlossenen Innovatiounsprozess. D'Entwécklung vun der Digitaliséierung an d'digital Revolutioun an der Gesellschaft hunn d'Verhältnesser zwësche Staat, Bierger a Betriber staark verännert. Duerch en generaliséierten Internetzougang hunn si en stännegen an direkten Uschloss un d'digital Servicer vum Staat.

Bei der oppen Innovatioun geet et drëms, nei Iddien, Fäegkeeten oder Technologien, déi vu bausse kommen, ze sammelen fir esou d'Innovatioun vun de staatleche Servicer ze stäerken. Dës Approche ass den Ursprong vu sougenannten Aktioune vu collaborativer Innovatioun, wat bedeit, bausse Weeër sichen, fir z'innovéieren: zum Beispill nei Konzepter, technologesch Léisungen oder fachlech Analysen.

Sech den "Digital Government" als Ziel setzen

De Ministère fir Digitaliséierung huet sech den "Digital Government" als Zil gesat,  esou wéi se vun den internationalen Instanzen recommandéiert gëtt. Dofir huet de Ministère sech 4 strategesch Achse ginn:

  • Weiderentwécklung vum eGovernment,
  • Virubrénge vun der Verwaltungsreform,
  • Promotioun vun der digitaler Inklusioun,
  • "Data Governance" assuréieren.

Aktualiséiert