Ministère fir Digitaliséierung // D’Lëtzebuerger Regierung
Hei fannt Dir alles iwwer d'elektronesch Rechnung zu Lëtzebuerg.
All weider Froe kënnt Dir un info@efact.public.lu schécken oder rufft un op den 247-72155.
Attributiounen
Den Digitaliséierungsministère ass do fir déi allgemeng technesch Entwécklung an de Beräicher, déi fir eis Ekonomie wichteg sinn, virun ze dreiwen a fir nei Strategien ze entwéckelen, déi eist Land no vir bréngen. Doriwwer eraus soll en och den Alldag vereinfachen andeems déi eenzel administrativ Prozesser verbessert ginn. E groussen Deel vun den Aktivitéite vum Ministère fir Digitaliséierung huet als Haaptzil, d'Liewe vun de Leit ze vereinfachen.
De Kompetenzberäich vum Ministère ass am interne Reglement vun der Regierung festgehalen.