De Marc Hansen huet d'Inauguratiounsried vun der "EU DataViz 2019"-Konferenz gehalen

Den 12. November 2019 huet den delegéierte Minister fir Digitaliséierung, Marc Hansen, d'Inauguratiounsried vun der "EU DataViz 2019"-Konferenz, déi vum Office des publications de l'Union européenne am Convention Center Luxembourg organiséiert gouf, gehalen.

©MinDigital
Ried vum Marc Hansen, delegéierte Minister fir Digitaliséierung, op der "EU DataViz 2019"-Konferenz

 

Dës international Konferenz ronderëm d'Thema "Am Déngscht vun de Bierger duerch enger besser Datevisualiséierung" huet sech mat de spezifesche Besoine vun der Communautéit, déi fir d'Datevisualiséierung fir den ëffentleche Secteur an Europa zoustänneg ass, befaasst. Experten, Professioneller an Déngschtleeschter hunn sech an deem Kader mam Thema auserneegesat.

A senger Ried huet den delegéierte Minister fir Digitaliséierung Marc Hansen spezifesch dorop higewisen, datt den digitale Wee, an déi domatt verbonnen Ofhängegkeet vum ICT, grouss Erausfuerderunge mat sech bréngt. "Lëtzebuerg ergräift all Moossnamen, fir eng sécher an zouverlässeg Infrastruktur an d'Weeër ze leeden". An dësem Zesummenhang huet de Marc Hansen de Wonsch vun der Regierung erneit ervirgehuewen, fir den digitalen Hub ze stäerken, deen d'Europäesch Kommissioun zu Lëtzebuerg opgeriicht huet an deen, senger Usicht no, nieft dem rechtlechen, finanziellen a wëssenschaftlechen Domaine, zu engem vun de Kompetenzzentre vum Land ginn ass. "Duerch déi kontinuéierlech Stäerkung vun eisem Ökosystem ginn duerch dës Konsolidéierung nach méi potentiell Synergien an de Beräicher Cybersécherheet, kënschtlech Intelligenz, Cloud-Léisungen, souwéi Héichleeschtungs- a Quanten-Computing geschafen."

Ofschléissend betount de Marc Hansen, datt d'Sammlung, d'Gestioun an den effikassen Austausch vu Regierungsdonnéeë et schonns haut erlaben, fortschrëttlech Zerwisser an der Datenanalys a Visualiséierung z'entwéckelen. Hien huet verschidde Beispiller genannt, dorënner de Geoportal, deen d'Integratioun, d'Visualiséierung an d'Analys vun Honnerte vu Geodatenniveauen an Echtzäit ubitt.

 

Communiqué vum Ministère fir Digitaliséierung

Aktualiséiert