Accessibilitéitserklärung vun der App "Luxembourg Pavilion Dubai 2020"

D'Organ "Ministère fir Digitaliséierung" verflicht sech dozou seng mobil Applikatiounen accessibel ze maachen, konform zum Gesetz vum 28. Mee 2019 iwwert d’Accessibilitéit vu Websäiten a mobillen Appe vun Organer aus dem ëffentleche Secteur. Dës Accessibilitéitserklärung betrëfft:

Wat ass d'digital Accessibilitéit?

Jidderee muss déi op enger Websäit oder Applikatioun ugewisen Informatiounen einfach ofruffe kënnen, besonnesch Persoune mat enger Behënnerung an/oder déi eng Assistenz-Software oder spezialiséiert Material (blann Persounen, Persounen mat enger Behënnerung un den Aen oder engem aneren Handicap) benotzen.

Konformitéitsstatut

Dës mobil Applikatiounen sinn net net konform mat der europäescher Norm EN 301 549 an dem RAAM v1 . D'Grënn dofir sinn heirënner opgelëscht.

Net-accessibele Contenu

De folgende Contenu ass net accessibel aus folgende Grënn:

Onverhältnesméisseg Belaaschtung

Zousätzlech baséiert d'Applikatioun op engem virtuelle Realitéit Film, wou d’Adaptatioun onproportional Käschten generéiert hät. D‘Videoen hunn keng Audiobeschreiwung. D'App ass en interaktiven Film wou Motorfäegkeeten erfuerderlech sinn.

De virtuelle Besuch vum Lëtzebuerger Pavillon zu Dubai kann a verschiddene Regioune vum Land gemaach ginn, wou d'Hostinden den interesséierte Besucher begleeden kënnen

Dir fannt d'Lëscht vun de verschiddene Raimlechkeeten op der VR Dubai 2020 Websäit VR Dubai 2020 - Ministère fir Digitaliséierung // D’Lëtzebuerger Regierung (gouvernement.lu)

Virbereedung vun dëser Accessibilitéitserklärung

Dës Erklärung gouf den 10.2.2022 erstallt. D'Angaben an dëser Erklärung si korrekt a baséieren op enger effektiver Konformitéitsbewärtung vun de mobillen Applikatiounen mat den am RAAM 1 fixéierten Ufuerderungen, wéi eng Eegen-Evaluatioun vum Organ "Ministère fir Digitaliséierung".

Feedback a Kontakt

Sollt Dir e Problem am Bezuch mat der Accessibilitéit feststellen, biede mir Iech eis eng E-Mail un info@digital.etat.lu ze schécken: beschreift eis de Problem sou wéi déi concernéiert Internetsäit. Mir verflichten eis dozou, Iech bannent engem Mount z'äntweren. Fir de Problem laangfristeg ze léisen, gëtt d'Online-Verbesserung vum Problem a Relatioun mat der Accessibilitéit favoriséiert. Sollt dëst net méiglech sinn, gëtt Iech déi gewënschten Informatioun op Wonsch an engem accessibele Format geschéckt:

  • schrëftlech an engem Dokument oder per E-Mail;
  • mëndlech an engem Gespréich oder per Telefon.

Prozeduren fir sécherzestellen, dass d'Dispositiounen agehale ginn

Am Fall wou d'Äntwert net zefriddestellend ass, hutt Dir och d'Méiglechkeet den Informatiouns- a Pressedéngscht (Service information et presse), dee fir d'Kontroll vun der Accessibilitéit zoustänneg ass, doriwwer z'informéieren, entweder iwwert den Online-Formulaire fir Reklamatiounen, oder den Ombudsmann, Mediateur vum Groussherzogtum Lëtzebuerg.

Aktualiséiert