Den digital government zu Lëtzebuerg

Kontext

Eent vun den Ziler vum Ministère fir Digitaliséierung besteet doranner, den Digital Government erfollegräich ëmzesetzen. Dobäi sollen d'Entwécklungen am Beräich vun den neien Technologië fir Prozeduren a Produkter vum Staat genotzt ginn, déi et méiglech maachen, modern digital staatlech Servicer unzebidden, déi un d'Besoine vun de Bierger an den Entreprisen ugepasst sinn.

D'Ëmsetze vum Digital Government setzt méi participativ, innovativ a co-kreativ Approchë viraus a strieft Ziler un, déi iwwert eng einfach elektronesch Gestioun vun ëffentlechen Online-Servicer erausginn. D'Zougänglechkeet, d'Sécherheet an d’Benotzen bzw. d'Integratioun vun den neien Technologien an d'Offer vu Servicer, déi online ugebuede ginn, stinn haut am Mëttelpunkt vum digitale Wandel vum Staat.

Charakteristiken

En Digital Government zeechent sech duerch digital Strategien aus, déi et dem ëffentleche Secteur erlaben, duerch de strategeschen Asaz vun neien digitalen Technologien an Donnéeën ëffentlech Déngschtleeschtungen ze erbréngen, déi besonnesch op d'Erfarung vum Notzer ausgeriicht sinn. Den Digital Government fërdert och Plattformen, déi d'Co-Kreatioun an d'aktiv Participatioun vun der Ëffentlechkeet tëschent de Verwaltungen, Entreprisen a Bierger méiglech maachen. D'Zil vun dëser Methodik ass et, all déi betraffen Acteure mat anzebannen, fir zesummen digital ëffentlech Servicer auszeschaffen, déi op hir Besoinen zentréiert sinn. Den Digital Government ass oppen, standardméisseg digital a sécher.

Doriwwer eraus fuerdert d'Ëmsetze vum Digital Government, datt d'ëffentlech Verwaltung sech op d'Weiderentwécklung vun den digitale Kompetenze konzentréiert a sécherstellt, datt d'Mataarbechter vum Staat eng erweidert Offer u Weiderbildungen zur Verfügung gestallt kréien. Donieft mussen Normen a Standarde fir déi digital an technologesch Infrastrukturen a Léisunge vum Staat entwéckelt ginn, déi interoperabel a widderstandsfäeg sinn. A schliisslech ass et fir d'Reussite vum Digital Government vu gréisster Wichtegkeet, datt eng Regierung d'Entwécklung vun engem datenorientéierten ëffentleche Secteur, engem Data-Driven public sector, ënnerstëtzt.

Fir Lëtzebuerg bei senger Transitioun zum Digital Government ze ënnerstëtzen, huet de Ministère fir Digitaliséierung eng Etüd iwwer den Digital Government vu Lëtzebuerg mam Titel "Digital Government Review of Luxembourg" bei der Organisatioun fir wirtschaftlech Zesummenaarbecht an Entwécklung (OECD) an Optrag ginn. Zil vun dëser Etüd ass et, en Etat des lieux vun der Digitaliséierung vun den ëffentleche Servicer zu Lëtzebuerg opzestellen a strategesch Recommandatiounen an deem Beräich ze formuléieren. D'Conclusioune vun der Etüd ginn ugangs 2022 presentéiert.

Wichteg Meilesteng, fir dës Ziler ze erreechen

Digital Gouvernance

Fir d'Ëmwandlung an en Digital Government, déi sämtlech Ministèren a staatlech Verwaltungen transversal betrëfft, ze ënnerstëtzen, huet de Regierungsrot am Februar 2020 eng digital Gouvernance ugeholl.

Eent vun den zentralen Elementer vun der digitaler Gouvernance ass d'Schafe vun engem interministerielle Kommitee fir d'Digitaliséierung an der ëffentlecher Verwaltung. Dëse Kommitee gëtt vum Ministère fir Digitaliséierung a vum Staatlechen Zenter fir Informatiounstechnologië (CTIE) koordinéiert a setzt sech aus Memberen zesummen, déi an hire jeeweilege Ministèrë fir d'Digitaliséierung zoustänneg sinn. En trëtt reegelméisseg zesummen, fir den aktuelle Stand vun den digitale Projete vum Staat ze beschwätzen, d'Demanden am Zesummenhang mat de Besoine vun de Verwaltungen ze koordinéieren an eng gemeinsam Agenda vun den Initiative fir d'Stäerkung vum Digital Government zu Lëtzebuerg opzestellen.

Nationale Kader fir Interoperabilitéit

En zentraalt Uleies am Kader vum Digital Government ass et, den Niveau vun Interoperabilitéit an der ëffentlecher Verwaltung ze verbesseren, d. h. dofir ze suergen, datt e Service besser mat engem anere Service interagéieren, kommunizéieren a sech austausche kann. Mat deem Zil huet de Ministère fir Digitaliséierung, nodeem de Regierungsrot den Nationale Kader fir Interoperabilitéit (NIF) ugeholl hat, eng transversal a sektoriell Gouvernance ausgeschafft, déi Enn 2020 virgestallt gouf. Dës NIF-Gouvernance ëmfaasst och d'Kreatioun vun engem IOP-Kompetenzzentrum (Interoperabilitéit).

Interministeriellen Aarbechtsgrupp fir digital Inklusioun

E weidere wichtegen Indikator ass och, all Eenzelpersoun den Zougang zu der digitaler Welt ze erméiglechen an hir déi Kompetenzen ze vermëttelen, déi hir digital Inklusioun fërderen. Fir dësem Engagement nozekommen, gouf en interministeriellen Aarbechtsgrupp mat Vertrieder aus alle Ministèren an d'Liewe geruff. Dëse Grupp schléit Initiative vir, déi et erlaben, all d'Bierger an den digitale Wandel mat anzebezéien an esou eng eventuell digital Ausgrenzung an der Bevëlkerung ze verhënneren.

Integratioun vun neien Technologien

Am Kontext vum Iwwergang zum Digital Government bidden déi nei Technologien, wéi zum Beispill Kënschtlech Intelligenz (AI) oder Blockchain grousst Potenzial. Wann d'digital Transformatioun vum Staat gelénge soll, da mussen effektiv dës nei Technologie vun Ufank u voll an d’Konzeptioun vun neien, méi innovativen, personaliséierten an einfachen ëffentleche Servicer, genee wéi an d'Entwécklung vun administrativen Demarchen, déi op d'Besoine vun den Notzer ausgeriicht sinn, integréiert ginn.

Data Driven Public Sector

En Digital Government ass staark datenorientéiert. E benotzt a recycléiert Donnéeën, fir et den ëffentleche Verwaltungen ze erméiglechen, d'Besoine vun de Bierger, den Entreprisen an den Administratioune besser ze verstoen an entspriechend ëffentlech Servicer fir si ze entwéckelen an ze verbesseren an déi intern Demarchen ze vereinfachen. Fir eng sachgerecht Verwendung vun den Donnéeë muss e konkrete Kader fir d'Gestioun, d'Deelen an d'Neesbenotze vun den Donnéeë geschaf ginn, deen och déi néideg Reegelen a puncto Sécherheet a Vertraulechkeet berücksichtegt.

Deemno ass et immens wichteg, e Kader ze schafe fir d'Neesbenotze vun deenen Donnéeën, déi duerch déi nei Technologië generéiert ginn, déi d'Basis fir d'Konzeptioun vun neien ëffentleche Servicer duerstellen. En Digital Government muss deemno D'Virdeeler vun den neien Technologien a vun den Donnéeën am vollen Ëmfang notze kënnen, fir innovativ ëffentlech Servicer an nei administrativ Demarchen ze entwéckelen, an esou duerch d'Zäiterspuernes an déi vereinfacht Benotzung eng Plus-value fir d'Bierger an d'Entreprisen ze schafen.

 

 

Aktualiséiert