De Lëtzebuerger Pavillon wéi wann Dir do wiert!
Et ass endlech esouwäit! De Ministère fir Digitaliséierung invitéiert Iech de Lëtzebuerger Pavillon vun der Weltausstellung zu Dubai duerch virtuell Realitéit z'entdecken, ouni datt Dir eng laang Rees maache musst.
Mir bréngen en orientalesche Flair op Lëtzebuerg an Dir reest dank eisem Stand, wou Dir Iech installéieren an en Virtual Reality Headset opsëtze kënnt, fir een immersiivt Erliefnes am Lëtzebuerger Pavillon zu Dubai z‘erliewen.
Dëse Projet vum Ministère fir Digitaliséierung soll den Zougang erliichteren, kierperlech Barrièrë reduzéieren an Iech mat dësem internationalen Event verbannen, sou datt Dir vun de Virdeeler profitéiere kënnt, déi Iech déi nei Technologië bidden!
De Stand vum Ministère fir Digitaliséierung reest vum 10. November 2021 bis Abrëll 2022 duerch déi verschidde Regioune vu Lëtzebuerg. Dës dezentraliséiert Initiativ proposéiert de Bierger déi eenzegaarteg Erfahrung de Lëtzebuerger Pavillon zu Dubai zu Lëtzebuerg duerch virtuell Realitéit ze maachen.
Kuckt Iech d'Datumer un, fir ze wëssen wéini eise Stand bei Iech kënnt!
Lëtzebuerg City Museum |
10-19 November 2021 |
Nordstrooss Shopping Mile Marnach |
20 November 2021 |
Shopping Center Massen |
21 November 2021 |
La Belle Etoile |
26-28 November 2021 |
Knauf Shopping Center Pommerloch |
3-5 Dezember 2021 |
Belval Plaza Shopping Center |
10-11 Dezember 2021 |
Galerie Auchan Kirchberg |
14-15 Januar 2022 |
Gemeng Esch-Uelzecht: 120 rue de l’Alzette, L-4010 Esch-sur-Alzette. | 21-23 Januar 2022 |
Automobile Club Luxembourg (ACL) | 25 Januar 2022 |
Copal Grevenmacher | 28-29 Januar 2022 |
Cloche d'Or Shopping Center | 4-5 Februar 2022 |
Gemeng Dippech: 11, rue de l'église, L - 4994 Schuller. | 8-10 Februar 2022 |
Gemeng Reckeng op der Mess: Centre culturel Pëtzenhaus | 18-19 Februar 2022 |
Topaze Shopping Center | 25-26 Februar 2022 |
City Concorde | 4-5 März 2022 |
Gemeng Käerjeng: Kulturhaus Käerjenger Treff | 11-13 März 2022 |
Gemeng Rouspert-Mompech: Musée Tudor | 17-20 März 2022 |
Galerie Simoncini | 24-31 März 2022 |
Gemeng Grevenmacher: M.S. Princesse Marie-Astrid |
2 Abrëll 2022 |
Gemeng Miersch: Mierscher Kulturhaus, 53 Rue Grande-Duchesse Charlotte, 7520 Mersch | 8-9 Abrëll 2022 |
Gemeng Mertert: Deutsch-Lux Tourist-Info | 12-15 Abrëll 2022 |
Gemeng Remerschen: Borders Shopping Center zu Schengen |
23-24 Abrëll 2022 |
Stad Rëmeleng: Pop-up Albert Hamus | 28-30 Abrëll 2022 |
E puer Wierder iwwer virtuell Realitéit
Virtuell Realitéit erliichtert den Zougang zu der Weltausstellung an erméiglecht deemno digital Inklusioun, wat eng vun de Schlësselmissioune vum Ministère fir Digitaliséierung ass.
Virtuell Realitéit ass eng Technologie déi et engem erlaabt eng Persoun an eng kënschtlech Welt ze versetzen déi digital erstallt oder mat spezielle Kameraen gefilmt gëtt. An dësem Fall ass et eng Reproduktioun vum Lëtzebuerger Pavillon zu Dubai.
Dëst gëtt duerch een virtuelle Realitéit Headset erméiglecht deen e stereoskopeschen 3D Display System virun den Ae placéiert. D'Sensoren déi Kappbewegungen detektéieren erlaben dem Benotzer ronderëm ze kucken an eng audiovisuell Welt z'entdecken déi hien komplett ëmgëtt.
Praktesch Informatiounen
De virtuelle Besuch gëtt am Aklang mat de gëltege Sanitärmoossname gemaach. D'Ausrüstung gëtt mat der neiester "Cleanbox" Technologie gebotzt. D'Cleanbox desinfizéiert a läscht Bakterien, Viren a Pilze duerch säin ultraviolette Prozess.
Ier et richteg lassgeet, wäert en Team Iech erklären wéi de Virtual Reality Headset funktionnéiert an Iech e puer praktesch Informatioun ginn.
Déi immersiv Erfarung ass gratis a ka bis zu 15 Minutten daueren.
E puer Virsiichtsmoossnamen
- Aus gesondheetleche Grënn ass d'Benotzung vum Virtual Reality Headset limitéiert op Persounen iwwer 13 Joer.
- Ditt kee Brëll un wann Dir de Virtual Reality Headset benotzt.
- Droen vun engem Virtual Reality Headset ass net recommandéiert wann Dir un längerem Schlofmangel leid, oder wann Dir Migränen, Oueren oder aner Krankheeten hutt. Dëst kann Är Empfindlechkeet fir negativ Symptomer erhéijen.
- Leit denen et beim Reesen séier schlecht gëtt, sinn och méi ufälleg fir Onbequemlechkeet wann se e Virtual Reality Headset benotzen.
- Schwanger Fraen, eeler Leit a Leit mat neurologesche Stéierungen, anormal Binokularvisioun, Epilepsie, a Leit mat engem Pacemaker sollten en Dokter konsultéieren ier se de Virtual Reality Headset benotzen.
Zéckt net dem Standpersonal matzedeelen falls et Iech schlecht gëtt oder Dir nach aner Froen hätt.
D'App "Luxembourg Pavilion Dubai 2020"
Zënter dem 8. Februar 2022, proposéiert d'App "Luxembourg Pavillion Dubai 2020" och e virtuellen Tour duerch de Lëtzebuerger Pavillon op der Expo Dubai.
Dëst ass eng Adaptatioun vum Film an virtueller Realitéit, déi de Bierger um Stand vum Ministère ugebuede kritt, deen bis Enn Abrëll duerch d'Land geet.
Dës App huet vill Virdeeler:
- De Benotzer kann de Film vun egal wou kucken.
- De Benotzer kann de Pavillon a sengem eegenen Tempo besichen an all d'Optiounen entdecken, sou oft wéi e wëllt an all d'Optiounen entdecken.
- De Visiteur brauch nëmmen e Smartphone oder en Tablet fir den interaktiven virtuellen Tour ze genéissen.
- Nom Eroflueden vun der App, brauch een keen Internetzougang méi fir de Film ze kucken.
D'App ass op Lëtzebuergesch, Franséisch an Englesch verfügbar a kann am Apple App Store an am Google Play Store erofgeluede ginn.
Weider Informatiounen
Conditions générales d'utilisation de l'application mobile "Luxembourg Pavilion Dubai 2020"
Accessibilitéitserklärung vun der App "Luxembourg Pavilion Dubai 2020".