D'Plattform "Zesumme Vereinfachen": fir ëffentlech Servicer, déi Iech den Alldag erliichteren

Visuel Zesumme Vereinfachen

 

Aleedung

Fir datt d'Digitaliséierung vun de staatleche Servicer den Ufuerderunge vun de Benotzer entspriechen, muss se Hand an Hand mat der administrativer Vereinfachung an der Upassung vun den Demarchen, Prozesser an dem Austausch tëschent de Bierger, den Entreprisen an dem Staat goen. Fir dëst Zil ze erreechen, zielt de Ministère fir Digitaliséierung op d'Erfarunge vun de Bierger, fir d'Demarchen op eng partizipativ a kokreativ Aart a Weis ze vereinfachen.

Duerfir proposéiert de Ministère fir Digitaliséierung, deen d'Sich vun digitale Léisunge fir d'fërdere vun der administrativer Vereinfachung, d'Synergien tëschent deene verschiddenen staatlechen Administratiounen an d'Optimiséierung vum Informatiounsaustausch a sengen Attributiounen huet, alle Bierger, sech direkt bei dëser Vereinfachung ze bedeelegen, andeem en hinnen eng speziell Plattform fir d’administrativ Vereinfachung www.zesumme-vereinfachen.lu zur Verfügung stellt. Dës partizipativ Approche spigelt sech och am Slogan erëm: "Fir ëffentlech Servicer, déi Ären Alldag erliichteren".

Eng partizipativ a kollaborativ Approche

D'Plattform, déi d'Bierger an hir perséinlech Erfarungen a Wënsch an de Mëttelpunkt vum Entwécklungs- a Vereinfachungsprozess stellt, proposéiert den interesséierte Persounen, déi lafend Projeten op der Plattform Schrëtt fir Schrëtt ze suivéieren an Iddien oder Virschléi am Zesummenhang mat der Vereinfachung ze verëffentlechen oder awer Propose vun anere Benotzer ze ergänzen. D'Benotzer kënnen och u Sondagen deelhuelen, fir Propose stëmmen oder Initiative prioriséieren oder awer sech fir partizipativ Atelieren aschreiwen, déi digital oder en présentiel stattfannen...

"Zesumme Vereinfachen" bitt all d'Funktiounalitéiten, déi eng digital Participatioun erméiglechen, an dat op allen Endgeräter, och um Smartphone. Persounen, déi matschaffe wëllen, kënnen dat op enger vun de véier Sprooche vun der Plattform maachen, d.h. op Franséisch, Däitsch, Englesch oder Lëtzebuergesch.

Zwee Projeten, fir unzefänken

Deen éischte Projet proposéiert de Benotzer vu Guichet.lu a MyGuichet.lu, Propose fir eng Vereinfachung vun de bestoenden Demarchen déi op dëse zwee Portaler present sinn anzereechen. Heifir gouf op all d'Säite vu Guichet.lu en direkte Link integréiert, deen déi interesséiert Persounen op déi participativ Plattform weiderleet. Déi Bäiträg, déi sou erakoumen, gi vum Ministère fir Digitaliséierung analyséiert an duerno mat där betraffener Administratioun oder de betraffenen Administratioune evaluéiert. All Propos kann deemno zu engem neie Projet féieren, iwwer deen da méi am Detail mat de Benotzer vun der Plattform diskutéiert gëtt.

Beim zweete Projet, un deem vun Ufank un op der Plattform konnt matgeschafft ginn, geet et ëm d'App MyGuichet.lu. An enger éischter Phas ginn hei d'Benotzer opgeruff, d'App ze bewäerten an de proposéierte Prozess ze suivéieren, fir hir Meenung an hir Virschléi fir zukünfteg Entwécklungen ofzeginn.

Fir méi Transparenz

Wärend de Projet fir déi administrativ Demarchen op Guichet.lu zäitlech net begrenzt ass, ass dee fir d'App MyGuichet.lu a méi Phasen agedeelt, déi unhand vun enger Zäitschinn illustréiert ginn. Dës Zäitschinn bitt komplett Transparenz par rapport zum Oflaf vum Projet an den Delaien, déi virgesi sinn.

Déi éischt Phas vum Projet fir d'App besteet aus engem Sondage bei de Benotzer. Duerno ginn d'Benotzer opgeruff, hir Meenung a Virschléi fir Adaptatioune vun den aktuelle Funktionalitéite vun der App ofzeginn. An enger 3. Phas kënne si da Preferenze fir déi zukünfteg Funktionalitéieten ofginn, andeem si fir hir Favorite stëmmen. Duerch dës Äntwerte kann de weidere Verlaf vun der Entwécklung vun der App festgeluecht ginn.

Bei de Projeten, déi an Zukunft op der Plattform proposéiert ginn, gëtt d'Zäitschinn da jeeweils adaptéiert, fir sou fir all Projet déi gëeegenst Method fir d’Bäiträg ze garantéieren.

Sech abréngen, wéini ee wëll a wéi een et wëll!

D'Bierger hunn op jiddwer Fall ëmmer d'Méiglechkeet, sech just un enger Phas oder awer u méi Phase vum Projet ze bedeelegen, sou wéi et hinnen am beschte passt. Sie engagéiere sech zu kengem Ament, vun Ufank bis zum Schluss bei engem Projet matzemaachen. Iwwer e Benoriichtungssystem, dee personaliséierbar ass, gi se och iwwer d'Evolutioun vun de Projeten, déi op der Plattform proposéiert ginn, informéiert. Je no abonnéierten Benoriichtungen, gëtt een informéiert, wann nei Projeten verëffentlecht ginn a wéi sech déi lafend Projeten entwéckelen.

Aktualiséiert