Initiative fir d'digital Inklusioun vun alle Bierger

Aleedung

Wéi vill aner Länner op der Welt ass och Lëtzebuerg aktuell mat enger reegelrechter digitaler Revolutioun konfrontéiert. D'Regierung huet decidéiert, all déi nei Chancen, déi sech doduerch opdinn, ze notzen, mee sech och gläichzäiteg den Erausfuerderungen ze stellen, déi domadder verbonne sinn. Eng vun dësen Erausfuerderunge betrëfft speziell d'Abezéie vun alle Mënschen an den digitale Wandel vun eiser Gesellschaft.

Eng vun de strategeschen Achse vum Ministère fir Digitaliséierung befaasst sech direkt mat der digitaler Inklusioun, engem Prozess, deen drop ausgeriicht ass, all Eenzelpersoun den Zougang zu der digitaler Welt ze erméiglechen an hir déi Kompetenzen ze vermëttelen, déi hir sozial a wirtschaftlech Inklusioun fërderen. Eng ganz Rei vu Projeten an Initiative vum Ministère erfëllen dësen Engagement.

De Lëtzebuerger Kontext

Ëmfroe vun Eurostat a vum Statec hunn erginn, datt zu Lëtzebuerg, am Verglach zu deenen anere Länner an Europa, den Internetverbreedungstaux an den Niveau vun den digitale Grondkomptenze mat zu deenen héchsten zielen. An awer stellt een trotz dësen exzellente Scorë fest, datt ënnert de Bierger en digitale Gruef besteet.

Als digitale Gruef bezeechent een de Gruef tëschent Leit mat a Leit ouni Zougang, Kompetenzen a bezuelbar Ënnerstëtzung, fir op eng effikass Aart a Weis  am Internet aktiv ze ginn. Dacks si bestëmmte Bevëlkerungsgruppe méi vum digitale Gruef betraff wéi anerer. Déi gesellschaftlech Diversitéit an déi ënnerschiddlech Besoinen an Erwaardunge vun de Bierger jee no hirer Vulnerabilitéit am Hibléck op digital Technologië maachen d'Lag zousätzlech méi komplex.

Lëtzebuerg muss deemno d'technologesch Entwécklungen a Fortschrëtter proaktiv begleeden, fir all Bierger esou gutt ewéi méiglech an den digitale Wandel zu Lëtzebuerg anzebezéien. Fir dëse Gruef méi kleng oder esouguer ganz zou ze maachen, ass et wichteg, de Lëtzebuerger Kontext gutt ze verstoen, fir déi Bevëlkerungsgruppen ze identifizéieren, déi deem gréisste Risiko ausgesat sinn, a fir festzestellen, wéi de Puzzle vun der digitaler Spaltung sech zesummesetzt.

Aus enger Ëmfro vun Eurostat aus dem Joer 2022 geet ervir, datt zu Lëtzebuerg 96,9 % vun de Leit am Alter vu 16 bis 74 Joer reegelméisseg am Internet ënnerwee sinn an datt 69,5 % vun de 65–74-Järegen den Internet all Dag benotzen. Eng Ëmfro vum Statec aus dem Joer 2020 huet iwwerdeems erginn, datt 9 % vun den Internetbenotzer keng digital ëffentlech Servicer benotzen, well se net déi néideg digital Kompetenzen hunn, an eng Ëmfro vun TNS-Ilres aus dem Joer 2019 weist, datt 43 % vun den Awunner der Meenung sinn, de Staat misst dobäi hëllefen, déi digital Instrumenter besser kennenzeléieren. 

Eng transversal Thematik

Fir en eventuellen digitale Gruef entgéint ze wierken, huet d’Regierung sech engagéiert, en Aktiounsplang opzestellen, dee garantéiere soll, datt jiddwereen an den digitale Wandel vun der Gesellschaft mat abezu gëtt.

Dofir gouf en interministeriellen Aarbechtsgrupp geschaf, fir all d’Facettë vun der digitaler Inklusioun transversal ze analyséieren an Aktiounen anzeféieren, fir op déi ermëttelt Besoinen anzegoen. Dësen Aarbechtsgrupp, dee sech aus Vertrieder vun 19 Ministèren zesummesetzt, gëtt vum Ministère fir Digitaliséierung koordinéiert. E kënnt zanter sengem Lancement 2019 all Trimester zesummen, fir sech iwwer dëst Theema an iwwer d'Situatioun vun der digitaler Inklusioun zu Lëtzebuerg auszetauschen.

Am Virfeld vun den Aarbechte vum interministeriellen Aarbechtsgrupp hat de Ministère fir Digitaliséierung och eng Consultatiounsdebatt an der Chamber ugefrot, fir d'Iwwerleeunge vun den Deputéierten zum Theema digitale Wandel zu Lëtzebuerg an zu de Mëttel, déi néideg sinn, fir doraus eng Reussite fir déi ganz Gesellschaft ze maachen, zesummenzedroen. Ausserdeem huet de Ministère beim lëtzebuergeschen Institut fir Ëmfroen a Meenungsfuerschung TNS Ilres eng Etüd iwwer d'Perceptioune vun der Digitaliséierung an der Bevëlkerung an Optrag ginn.  

Den Nationalen Aktiounsplang

Den nationalen Aktiounsplang fir digital Inklusioun, deen am Koalitiounsaccord festgeschriwwen ass, gouf vum Ministère fir Digitaliséierung an enker Concertatioun mam interministeriellen Aarbechtsgrupp fir digital Inklusioun an no bilateralen Echangë mat Associatiounen a verschiddenen net staatlechen Acteuren, déi a Kontakt sti mat Deeler vun der Bevëlkerung, déi net an der digitaler Welt doheem sinn, ausgeschafft.

Op der Grondlag vun all dëse Concertatiounen huet de Ministère fir Digitaliséierung 3 strategesch Hiewelen definéiert, fir d'digital Inklusioun vun alle Bierger ze fërderen. Dës Hiewele regruppéieren en Ensembel vu 40 konkreeten Initiativen, vun deenen der 18 an den Zoustännegkeetsberäich vum Ministère fir Digitaliséierung falen. Déi definéiert strategesch Hiewele sinn:

  • D’Motivatioun an d’digitaalt Vertraue steigeren
  • Den Accès zu digitalen Technologië vereinfachen
  • Digital Kompetenzen entwéckelen

Den nationalen Aktiounsplang gouf de 24. September 2021 vum Regierungsrot ugeholl, an de 6. Oktober 2021 huet de Marc Hansen, delegéierte Minister fir Digitaliséierung, en der Ëffentlechkeet virgestallt.

D'Initiative vum Ministère 

D'Initiativen, déi hei virgestallt ginn, sinn am nationale Plang fir digital Inklusioun verankert. Si sinn entweeder scho realiséiert oder ginn den Ament am Ministère fir Digitaliséierung ëmgesat.

  • Ariichtung vun engem Internetportal fir digital Inklusioun

De Ministère fir Digitaliséierung huet ënner www.zesummendigital.lu en Internetportal fir digital Inklusioun online gesat. Dëst Portal regruppéiert eng Rei vun nëtzlechen Informatiounen iwwer d’Acteuren aus dem Beräich vun der digitaler Inklusioun an déi besteeënd Aktiounen zu Lëtzebuerg, genee ewéi Informatiouns-, Sensibiliséierungs- a Selbsthëllefspublikatiounen a -ressourcen, déi d'digital Inklusioun fërderen.

  • Lancement vun engem järlechen Opruff fir Kandidature fir d'Finanzéierung vu Pilotprojeten

De Ministère fir Digitaliséierung lancéiert säit 2022 all Joer en Opruff fir Pilotprojeten ze finanzéieren, déi d’digital Inklusioun zu Lëtzebuerg fërderen. Dës Projetsopriff adresséiere sech u Veräiner, privat Organismen, ëffentlech Etablissementer, Gemengen, interkommunal Syndikater, Beruffschamberen, Formatiounszenteren an ëffentlech Fuerschungsinstituter, déi sech fir d'digital Inklusioun engagéieren. Beim éischte Projetsopruff goufen 28 Dossiere beim Ministère agereecht a 6 Projete kruten eng Finanzéierung accordéiert. 2023 sinn 14 Dossieren agereecht ginn, dovunner kruten der 7 eng Finanzéierung.

D'Projeten déi zeréckbehale goufen an Detailer zur Iwwerrechung vum "Nationale Präiss fir digital Inklusioun" fënnt een op www.zesummendigital.lu.

  • Organisatioun vum Dag vun der digitaler Inklusioun, de 17. Mee

De Ministère fir Digitaliséierung organiséiert all Joer de 17. Mee en nationalen Dag fir digital Inklusioun. Dësen Dag beliicht all d'Aspekter vun der digitaler Inklusioun zu Lëtzebuerg. De 17. Mee 2022 gouf déi éischt Editioun vum nationalen Dag vun der digitaler Inklusioun organiséiert. Bei dëser Geleeënheet goufen och am Kader vun enger offizieller Zeremonie d'Laureate vum Projetsopruff fir d'Finanzéierung vu Pilotprojete bekannt ginn. Déi 2. Editioun vum Nationalen Dag vun der digitialer Inklusioun huet de 17. Mee 2023 am Forum Geesseknäppchen stattfonnt.

  • Bereetstellung vu Formatiounen an den digitale Kompetenzen

De Ministère fir Digitaliséierung schafft zanter 2021 mat der ASBL Erwuessebildung zesummen, fir Formatiounen op d'Mooss an den digitale Kompetenzen auszeschaffen. Dës Formatioune ginn den Organisatiounen, déi am soziale Secteur schaffen, gratis zur Verfügung gestallt, fir datt se fir esou vill Bierger wéi méiglech uechter de Grand-Duché zougänglech sinn. Dës Formatiounsoffer gëtt kontinuéierlech erweidert.

  • Ausschaffe vun "E-Banking"-Formatiounen

De Ministère fir Digitaliséierung an de Ministère fir Konsumenteschutz hunn an Zesummenaarbecht mat der “Commission de Surveillance du Secteur Financier”, der ASBL Erwuessebildung an der Fondation ABBL pour l’éducation financière e Formatiounsmodüll an den Online-Banking-Servicer („E-Banking”) als Virbereedung op d’Benotze vun den digitale Bank-Servicer, ausgeschafft.

  • Etüd iwwer d’Auswierkung vun den digitalen Entwécklungen

De Ministère fir Digitaliséierung an de Luxembourg Institute of Socio-Economic Research (LISER) hunn eng quantitativ a qualitativ Etüd iwwer d’Auswierkung vun de rezenten digitalen Entwécklungen op déi Deeler vun der Bevëlkerung, déi der digitaler Welt retizent géintiwwer stinn, lancéiert. D'Resultater vun der Etüd ginn am Laf vum Joer 2023 erwaart.

  • Etüd iwwer d'Machbarkeet vun engem "digitale Mandat"

De Ministère fir Digitaliséierung an de CTIE hunn iwwer de GovTech Lab eng Etüd iwwer d'rechtlech an technesch Machbarkeet vun engem „digitale Mandat” lancéiert, mat där eng Drëttpersoun digital administrativ Demarchë fir eng Persoun, déi hir nosteet, duerchféiere kann.

  • Ariichtung vun engem Fuerschungsprogramm iwwer d'Benotzerfrëndlechkeet vun den ëffentlechen digitale Servicer

De Ministère fir Digitaliséierung an den Interdisciplinary Centre for Security, Reliability and Trust (SnT) hunn am Februar 2022 en Accord-cadre fir 4 Joer iwwer d’Benotzerfrëndlechkeet vun den ëffentlechen digitale Servicer an déi soziotechnesch Aspekter vun der Benotzerinterface an hir Auswierkung op d’digital Inklusioun ënnerschriwwen. De Fuerschungsprogramm ënnersicht ënner anerem, wéi déi nei Technologien an d'Fuerschung d'digital Inklusioun ënnerstëtze kënnen.

  • Animéiere vun engem interdisziplinäre Forum iwwer digital Inclusioun

De Ministère fir Digitaliséierung organiséiert all sechs Méint en interdisziplinäre Forum iwwer digital Inclusioun. Dëse Forum bréngt Vertrieder vun de ministeriellen Departementer, Acteuren déi an der digitaler Inclusioun aktiv sinn an Acteuren, déi sech ëm Persoune këmmeren déi net an der digitaler Welt doheem sinn, zu Lëtzebuerg zesummen. Déi éischt Editioun vum Forum gouf den 1. Dezember 2022 am Alen Tramsschapp organiséiert, wou méi wéi 120 Vertrieder vun Associatiounen an Organisatiounen zesumme komm sinn, deenen hir Zilpublikum potenziell mat enger gewësser digitaler Ausgrenzung konfrontéiert ass. Déi zweet Editioun huet de 17. Mee 2023 am Forum Geesseknäppchen stattfonnt am Kader vum Nationalen Dag vun der digitaler Inclusioun. Den 2. Forum huet sech op d'Themen vun der digitaler Accessibilitéit an der Entwécklung vun digitale Kompetenzen konzentréiert.

Initiativen, déi vum CTIE realiséiert ginn

D'Initiativen, déi hei virgestallt ginn, goufen am nationalen Aktiounsplang fir digital Inklusioun festgehalen a gehéieren zu de festen Aktivitéite vum Zenter fir Informatiounstechnologië vum Staat (CTIE).

D'Initiativen, déi vum CTIE realiséiert ginn, schreiwe sech an de Kontext vun der Strategie „Gouvernance électronique 2021-25” an. Dës Strategie ass drop ausgeriicht, den eGovernment ze stäerken an den Iwwergang op eng digital Gouvernance ze ënnerstëtzen. Et geet drëm, ënner anerem eng transversal digital Accessibilitéit ze fërderen, benotzerorientéiert Servicer ze entwéckelen, attraktiv ëffentlech Online-Servicer unzebidden an an d’Vertraue vun de Bierger an d’ëffentlech Online-Servicer ze investéieren.

  • Kontinuéierlech Weiderentwécklung vun der App MyGuichet.lu

De CTIE baut d'Offer vun den administrativen Demarchen an de Funktionalitéiten, déi op der App MyGuichet.lu verfügbar sinn, kontinuéierlech aus, fir de Bierger en einfachen a mobillen Accès op déi staatlech Servicer ze erméiglechen. Déi lescht Entwécklungen vun der App betreffen d'elektronesch Ënnerschrëft vun de Prozeduren iwwer d'App, d'Späichere vun administrativen Dokumenter am perséinleche Raum duerch Scannen vun den Dokumenter mat der Kamera vum Smartphone souwéi d'elektronesch Bezuelen vu bestëmmte Prozeduren.

  • Fërderung vun der einfacher Sprooch op Guichet.lu

De CTIE entwéckelt kontinuéierlech explikativ Fichen iwwer déi administrativ Demarchen an einfacher däitscher Sprooch („Leichte Sprache“) a stellt se op Guichet.lu zur Verfügung. Zanter der Presentatioun vum nationalen Aktiounsplang fir digital Inklusioun gouf dës Offer op dat franséischt „Facile à lire et comprendre” (FALC) erweidert.

  • Verbessert Accessibilitéit bei de staatlechen digitale Servicer a Produiten

De CTIE entwéckelt staatlech digital Servicer a Produiten, déi entspriechend sengem Bezuchsmodell ReNow (Bezuchsmodell vun der Website-Normaliséierung) zougänglech sinn. Dëse Bezuchsmodell ass eng Demarche an eng Hëllef a puncto Web-Qualitéit fir déi staatlech Organismen an ëmfaasst vill Aspekter vun der Normaliséierung, wéi zum Beispill Qualitéitsstandarden, Web-Accessibilitéitsstandarden an eng benotzerorientéiert Approche.

  • Didaktesch Outile fir den Accès op déi staatlech digital Servicer

De CTIE stellt analog, audiovisuell an digital Supporten zur Verfügung, fir déi ëffentlech digital Servicer op eng sécher Manéier benotzen ze kënnen. Et handelt sech dobäi ëm Instruktiounsvideoen, Online-Tutorials a Form vu Videoen a PDFen, Flyeren, Broschüren a Benotzer-Guiden, déi dem Bierger eng Hëllef beim Aloggen a beim Benotze vun den digitalen ëffentleche Servicer garantéieren.

Hei fannt Dir all d'Initiative vum nationalen Aktiounsplang fir digital Inklusioun a Form vun enger Broschür.

  • Accès zu ëffentleche Servicer iwwer d'App GouvID

Zanter der Presentatioun vum Aktiounsplang huet de CTIE d'App GouvID lancéiert, déi et de Bierger erlaabt, hir Lëtzebuerger elektronesch Carte d'identité zesumme mat hirem Smartphone ze benotzen, fir sech op engem PC oder engem Tablet bei verschiddenen ëffentlechen Online-Servicer, wéi z. B. MyGuichet.lu, ze identifizéieren.

Aktualiséiert