De nationale Portail fir Bedeelegungsprozeduren

Nationale Portail fir Bedeelegungsprozeduren

Aleedung

De 7. Januar 2021 huet de Marc Hansen, delegéierte Minister fir Digitaliséierung an delegéierte Minister fir d’Verwaltungsreform, der Ëffentlechkeet de nationale Portail fir Bedeelegungsprozedure virgestallt. De Portail, deen zanter dem 13. Januar 2021 ënnert der Adress www.enquetes-publiques.lu online ass, bitt Informatiounen iwwer verschidde Verwaltungsprozeduren, genee ewéi iwwer déi ëffentlech Bedeelegungsprozeduren, déi domat verbonne sinn.

Dës Initiativ vum Ministère fir Digitaliséierung ass Deel vun der Regierung hire Beméiungen am Beräich vun der Verwaltungsreform a -simplificatioun. Virun der Kreatioun vum nationale Portail goufen d‘Informatiounen iwwer eng Bedeelegungsprozedur effektiv a Form vun offizielle Matdeelungen an der nationaler Press an iwwer déi spezifesch Kanäl vun all Entitéit verëffentlecht.

Mat dësem neie Portail verfügen d’Bierger elo iwwer en digitaalt Instrument, fir Bedeelegungsprozeduren ze consultéieren an hir Bäiträg anzereechen. Et handelt sech ëm en zousätzlecht Mëttel, nieft den traditionelle Methoden, déi fir all Prozedur eenzel festgeluecht ginn.

Kontext

Fir verschidden administrativ Decisiounen ass et obligatoresch, d'Ëffentlechkeet am Virfeld formell ëm hir Meenung ze froen. D'Modalitéite vun all ëffentlech Bedeelegungsprozedur ginn duerch d'Gesetz, dat fir déi jeeweileg Verwaltungsprozedur gëllt, gereegelt. Den Organisateuren, sief et Ministèren oder Verwaltungen, Établissements publics oder Gemengen, läit et um Häerz, hir Bedeelegungsprozeduren esou visibel wéi méiglech ze maachen, fir datt d’Bierger d’Méiglechkeet hunn, hir Bemierkungen, Feststellungen oder Reklamatiounen anzereechen, éier eng Decisioun vun der zoustänneger Autoritéit geholl gëtt.

D’Virdeeler vum Portail

En Internet-Portail, op deem all Zorte vu Bedeelegungsprozeduren zesummegedroe sinn, ass ouni Zweiwel en Atout, well en dem Bierger permanent zur Verfügung steet. En ass vun iwwerall aus an zu all Moment zougänglech, an d'Ëffentlechkeet muss sech net méi deplacéieren, fir sech Dokumenter am Zesummenhang mat enger Bedeelegungsprozedur unzekucken. Ausserdeem kënnen déi interesséiert Persoune sech iwwer en Noriichtesystem, deen een abonéiere kann, iwwer déi aktuell Prozeduren oder iwwer eng speziell Thematik informéiere loossen. A schliisslech kënnen d'Bierger och an deene Fäll, wou dat virgesinn ass, hir Bäiträg direkt elektronesch iwwer e MyGuichet.lu-Assistent areechen.

À terme kann den Internetportail vill dozou bäidroen, d’Prozedure fir d’Befroe vun der Ëffentlechkeet ze harmoniséieren an ze vereinfachen, wat an den Ae vun alle Bedeelegten néideg ass.

Och aus der Siicht vun den ëffentlechen Déngschter kënne Bedeelegungsprozeduren an Zukunft méi einfach a séier ofgewéckelt ginn, well et méi liicht ass, d'Bäiträg vun de Bierger ze sammelen.

Rubricken a Funktionalitéiten

De Portail ass a 4 Haaptrubricken ënnerdeelt:

  • aktuell Bedeelegungsprozeduren an Informatiounen, déi sech dorop bezéien,
  • offiziell Matdeelungen am Zesummenhang mat de Bedeelegungsprozeduren an den administrativen Decisiounen,
  • eng Agenda mat de geplangten Informatiounsversammlungen an de Kontaktdaten an Auerzäite, zu deenen d'Entitéiten, déi se organiséieren, erreechbar sinn,
  • e Guide, deen déi jeeweileg Verwaltungsprozeduren erkläert.

De Portail steet a 4 Sproochen zur Verfügung (Franséisch, Däitsch, Englesch a Lëtzebuergesch). D'Entitéiten, déi Bedeelegungsprozeduren organiséieren, hunn deemno d'Méiglechkeet, déi entspriechend Informatiounen an dëse 4 Sproochen unzebidden. D'Bierger hunn iwwerdeems d'Méiglechkeet, personaliséiert Alerten ze abonéieren, fir an Echtzäit informéiert ze ginn, wann nei Bedeelegungsprozeduren an der Gemeng oder de Gemenge vun hirem Choix op de Portail gesat ginn.

Fir d'Hannerleeë vu Bäiträg gëtt ervirgehuewen, datt de Portail, wann d'Gesetz dat erlaabt, dem Bierger d'Méiglechkeet gëtt, seng Remarken direkt iwwer de MyGuichet.lu-Assistent mat oder ouni staark Authentifikatioun (LuxTrust-Certificat) anzereechen. Wann déi jeeweileg Gesetzgebung d'Hannerleeë vun dëse Remarken um digitale Wee net virgesäit, da kënnen trotzdeem déi offiziell Matdeelungen zu dëser Bedeelegungsprozedur um Portail consultéiert ginn.

Aktualiséiert