D’AI4GOV-Initiativ

©Kaikoro - stock.adobe.com
Artificial Intelligence

Aleedung

D’strategesch Visioun hisiichtlech der kënschtlecher Intelligenz (KI) zu Lëtzebuerg, déi 2019 vum Premierminister a Minister fir Digitaliséierung, Xavier Bettel, presentéiert gouf, huet d’Zilsetzung, "aus Lëtzebuerg eng vun de fortschrëttlechsten digitale Gesellschafte vun Europa an der Welt ze maachen, eng datebaséiert nohalteg Wirtschaft ze schafen an eng biergerzentréiert kënschtlech Intelligenz opzebauen". 

D’Europaparlament definéiert d’KI als "d’Capacitéit vun enger Maschinn, mënschlech Fäegkeeten, z. B. logescht Denken, Planifikatioun a Kreativitéit, ze imitéieren. Duerch d’KI kënnen technesch Systemer hir Ëmwelt erkennen, mat dësen Erkenntnisser ëmgoen, Problemer léisen an Aktiounen ënnerhuelen, fir e bestëmmtent Zil ze erreechen. De Computer empfänkt Daten, analyséiert se a reagéiert. D’KI-Systemer sinn esou an der Lag hiert Verhalen (méi oder manner) unzepassen, andeems se d’Effete vun hire viregten Aktiounen analyséieren an autonom schaffen."

KI verbënnt also Technologien, déi Daten, Algorithmen an deemno Recheleeschtung kombinéieren. Wéi et d’Europäesch Kommissioun ënnersträicht, sinn d’Fortschrëtter an der Dateveraarbechtung an déi zouhuelend Verfügbarkeet vun Date fir den Opschwong vun der KI also vu weesentlecher Bedeitung. Lëtzebuerg verfüügt iwwer technologesch an industriell Atouten an eng héichwäerteg digital Infrastruktur, déi et erméiglechen, datt déi ganz Gesellschaft vun den Avantagë vun der KI profitéiere kann.

Ziler vum AI4Gov-Kommitee

Innerhalb vum Staat huet d’strategesch Visioun hisiichtlech der KI zu Lëtzebuerg zur Schafung vum interministerielle Kommitee AI4Gov gefouert, dee sech aus Vertrieder vum Ministère fir Digitaliséierung, vum Departement fir Medien an Telekommunikatioun (SMC), a vum Informatiouns- a Pressedéngscht (SIP) zesummesetzt. D’Zilsetzung vum AI4Gov-Kommitee ass, d’Ministèren an d’Verwaltungen ze encouragéieren, d’kënschtlech Intelligenz (KI) an d’Datewëssenschaft anzesetzen, fir hir Aktiounen a Beruffer ëmzegestalten. Et geet also an anere Wierder drëm, d’Verwaltungen unzereegen, dës innovativ Technologien ze notzen, fir nei Methoden an Analyse fir besteeënd Problemer ze entwéckelen, d’Effikassitéit vun der Dateveraarbechtung ze erhéijen an esou hir Servicer a Prozeduren ze verbesseren.

Doriwwer eraus vermëttelt d’AI4Gov-Initiativ de Staatsbeamten déi néideg praktesch Erfarung, fir déi neiste KI-Technologien ze beherrschen. D’Zilsetzung ass, laangfristeg eng Expertise innerhalb vum Staat opzestellen an déi ëffentlech Verwaltung als Innovatiounsmotor ze positionéieren.

Opruff fir AI4Gov-Projeten

Fir den Asaz vun der KI an der ëffentlecher Verwaltung ze fërderen, huet den AI4Gov-Kommitee am November 2019 en éischten Opruff fir Projeten un ëffentlech Acteure fir Experimentatiounsprojeten an der KI an an der Datewëssenschaft lancéiert.

Ugangs 2020 goufe vu verschidde staatlechen Entitéiten insgesamt 14 Projete virgeschloen, wat e Beweis fir e groussen Interêt un dësen Technologië ass. E Jury aus Experten aus dem staatlechen an dem private Secteur huet dës Dossieren a puncto Maturitéit, Innovatiounspotenzial an Notzung vun der KI analyséiert.

Doropshin goufe 6 Projete vum Jury zréckbehalen. Dës Projete konnten 2020 vun externe Prestatairen eng technesch Ënnerstëtzung kréien. D’Zilsetzung war, e funktionelle Prototyp ze schafen, dee vun de Staatsbeamten oder der Ëffentlechkeet ka benotzt ginn. En interministerielle juristeschen Aarbechtsgrupp huet och de sozio-techneschen an ethesche Kontext vun all Projet examinéiert. Vun deene 6 zeréckbehalene Projete konnten der 4 schonn 2020 ëmgesat ginn.

Am Dezember 2020 huet den AI4Gov-Kommitee en neien Opruff fir Projete lancéiert. 12 Projete goufe virgeschloen an den Analysen- an Auswielprozess war identesch mat deem vum éischten Opruff fir Projeten.

Projeten

Indexéierung vun de Fotoe vun der Regierung

Den Informatiouns- a Pressedéngscht vun der Regierung verfüügt iwwer eng ëmfangräich Mediathéik mat politesche Fotoe vum Lëtzebuerger Staat. Bis elo gouf d’Indexéierung vun dëse Fotoe manuell duerchgefouert, wat schwéierfälleg an zäitopwänneg war. D’Zil vum KI-Projet war, d’politesch Personalitéiten op de Fotoen iwwer d’Gesiichtserkennung ze identifizéieren a verbessert Metadate fir d’Mediathéik ze generéieren. Duerch d’Implementatioun vun dëser Gesiichtserkennung konnt d’Bereetstellung vun de Fotometadate vereinfacht an acceleréiert ginn, wat zu enger besserer Notzung vun den Inhalter vun der Mediathéik fir de gesamte Staat gefouert huet.

Extraktioun vun topografeschen Objeten

Bei dësem Projet goung et ëm d’Extraktioun vun topografeschen Objeten aus Loftbiller mat Hëllef vun der KI, fir esou nei Gebaier a Stroossen ze erkennen a Bauzonen ze identifizéieren. Mat dëser Extraktioun konnt d’Aarbechtsopwand reduzéiert an d’Qualitéit an d’Rapiditéit vun der Aktualiséierung vun den Datebanke vum Kadaster (ADT) verbessert ginn. D’Zil vum Projet war och d’Schafe vun neien Daten a Servicer, wéi och d’Erkennung vun Objeten.

Transkriptioun vun Texter

D’Zil vun dësem Projet vun der Nationalbibliothéik (BnL) war, d’Transkriptioun vun den Texter aus Artikelen duerch Optical Character Recognition (OCR), d. h. duerch d’Erkennung vun opteschen Zeechen, ze verbesseren. Dës Verbesserung war déi néideg Grondlag fir eng automatesch Identifizéierung vu "benannten Entitéiten" (Persounen, Plazen, Organisatiounen an Datumer). Déi duerch KI-Techniken erkannte benannten Entitéite bilden d’Grondlag vun enger neier interaktiver Applikatioun, déi eng dynamesch Exploratioun vun den Artikelen erméiglecht an esou den Zougang zum Archiv vun den digitaliséierten Zeitunge verbessert.

Automatesch Erkennung vun alen Handschrëften

De CLAVIS-Projet vum Lëtzebuerger Nationalarchiv (ANLux) befaasst sech mat der Iwwermëttlung vun digitaliséierte Biller vu Manuskripter aus dem 17. an 18. Joerhonnert un Transkribus, eng Plattform fir KI-ënnerstëtzt Erkennung vu Schrëften, Transkriptioun a Recherche an historeschen Dokumenter. Déi automatesch Transkriptioun dréit dozou bäi, dës bis elo schwéier verwäertbar Quellen erëm liesbar a verständlech fir déi nei Generatioune vu Fuerscher ze maachen. Den ANLux erwaart sech vun dësem Projet nei Méiglechkeeten am Beräich vun der automatiséierter Erstellung vun Inventairen oder Indexe vu Persounen a Plazen.

Recrutéierungsprozeduren

Duerch dëse Projet wëll de CGPO d'Rekrutéierungsprozeduren verbesseren andeems se kënschtlech Intelligenz benotzen, fir den CGPO-Agenten ze hëllefen bei der Iwwerpréiwung vun den Zougänglechkeetsbedingunge vun de Bewerbungen an Aschreiwunge fir den allgemenge Aptitude Test fir d'Fonction publique.

"Outlier Detection"

Den Inneministère huet als Zil eng automatiséiert Iwwerwaachung op d'Been ze stellen mat engem System fir aberrant Daten ("Outlier Detection") an de Finanzdaten vum Gemengesecteur z'entdecken.

Automatesch Labeliséierung

Duerch dëse Projet wëll den zentrale Legislatiounsservice (SCL), Dokumenter op Basis vun hirem Inhalt automatesch ze labeléieren (kategoriséieren/klassifizéieren), fir en Chatbot mat der Wëssensgrafik vun der Lëtzebuerger Gesetzgebung ze koppelen.

Statistiken

Dëse Projet betrëfft d'Ëmsetzung vun engem Data Science a Machine Learning Programm fir dem Statec z'erméiglechen Statistiken iwwert d'Handy-Datebank ze produzéieren.

ADEM Interact

Eng konversationnell kënschtlech Intelligenz Plattform déi Staatsagenten hëlleft déi Messagen vun Aarbechtssichenden kréien, andeems se personaliséiert Äntwerten formuléieren. Dofir gëtt en neien Chatbot-Service op der Websäit vun der ADEM integréiert deen op E-Mailen an Ufroen äntwert.

ADEM Profiling

Dëse Projet soll et erlaben, duerch d’Analyse vun existéierenden Donnéeën bei der ADEM, een Ënnerstëtzungsmodell fir hir Agenten auszeschaffen, fir ze beurteelen, wéi eng Moossnamen an Ënnerstëtzungsniveauen e bestëmmten Aarbechtssichenden brauch. Dës Analys ass méiglech andeems d'Charakteristiken an de beruffleche Profil vum Aarbechtssichenden berücksichtegt ginn.

Detektioun vun Anomalien

De Projet "Anomaly Detection" soll de Gemengesyndikat DEA (Distribution d'Eau des Ardennes) erméiglechen, "machine learning" (ML) ze benotze fir Waasserfuitten am Netz z'entdecken an Ännerungen an engem Dataset mat alldeeglechen a saisonalen Ënnerscheeder z'identifizéieren. Dëse Projet soll am Endeffekt d'Iwwerwaachungsfäegkeete vum DEA erhéijen, dee fir d'Produktioun an d'Verdeelung vum Waasser an 29 Gemengen zu Lëtzebuerg zoustänneg ass.

Aner AI4Gov-Initiativen

AI Legal & Ethics Working Group

Den AI4Gov-Kommitee proposéiert net nëmmen eng technesch Ënnerstëtzung fir d’Projeten, mee och eng juristesch an ethesch Ënnerstëtzung duerch d’Schafe vun engem interministeriellen Aarbechtsgrupp, dem "AI Legal & Ethics Working Group", ugangs 2020. Dëse Grupp setzt sech aus dem Ministère fir Digitaliséierung, dem Departement fir Medien an Telekommunikatioun, dem Informatiouns- a Pressedéngscht vun der Regierung an dem "Commissariat du gouvernement à la protection des données auprès de l’Etat" zesummen. Duerch d’Ënnerstëtzung am Kader vun den AI4Gov-Projeten an den Dialog mat de Responsabelen vun de Projeten, féiert dësen Aarbechtsgrupp eng Virbewäertung vun de juristeschen an ethnesche Risiken duerch, déi mam Projet verbonne sinn. Et handelt sech ëm eng éischt Grondlag fir eng risikobaséiert Gouvernance-Approche a puncto KI vum ëffentleche Secteur.

Sensibiliséierung vun de Staatsbeamte fir d’KI-Sujeten

Den AI4Gov-Kommitee leet an baut eng Communautéit vu staatlechen Acteuren aus, déi sech fir d’Sujete vun der KI an der Datewëssenschaft interesséieren. E verschéckt eng Newsletter mat den Aktualitéiten iwwer den AI4Gov, an kommunizéiert iwwer Aktivitéiten an interessanten Neiegkeete ronderëm d’KI.

De Vertrieder vun de Ministèren, de Verwaltungen an den Établissements publics ginn och Webinairë proposéiert, fir d’Aktivitéite vun der AI4Gov-Initiativ ze presentéieren. Et handelt sech dobäi virun allem ëm d’Presentatioun vun de Fortschrëtter vun den ausgewielte Projeten. Zudem ginn extern Intervenanten, déi Expert am Beräich vun der KI sinn, agelueden fir d’Kenntnisser an d’Reflexioune ronderëm d’KI ze verdéiwen.

GovCloud GPU Service

2020 huet den AI4Gov-Kommitee eng detailléiert Analys vun de gemeinsamen technesche Bedierfnisser vun de staatlechen Entitéiten am Kontext vun de KI-Projeten duerchgefouert. Duerch dës Analys konnten d’Bedierfnisser am Beräich vun den IT-Ressourcen identifizéiert an zesummegeluecht ginn. Et gouf festgestallt, datt d’Offer u verfügbare Ressourcen net genuch un d’Bedierfnisser ugepasst war, an esou gouf eng gemeinsam Infrastruktur vu spezialiséierte Maschinne mat un dës spezifesch Berechnungen ugepasste GPU-Prozessoren am Staatlechen Zenter fir Informatiounstechnologien (CTIE) implementéiert. All staatlech Entitéit, kann elo – jee no Bedarf – op dës Maschinnen zougräifen.

Aktualiséiert