eID – Déi elektronesch Lëtzebuerger Carte d’identité

Déi national Carte d’identité ass den administrative Beweis vun der Identitéit a vun der Nationalitéit vun hirem Titulaire.

De Besëtz vun enger Carte d’identité ass obligatoresch fir all Persoun, déi d’Lëtzebuerger Nationalitéit huet an:

  • op d’mannst 15 Joer al ass; an
  • an enger Lëtzebuerger Gemeng wunnt.

Fir all Persoun ënner 15 Joer ass d’Carte d’identité net obligatoresch: Si gëtt op Ufro vun engem Elterendeel, deen d’elterlech Autoritéit ausüübt, ausgestallt. Fir d’Lëtzebuerger, déi am Ausland wunnen, ass d’Carte d’identité fakultativ.

Visuellen Aspekt an agedroen Donnéeën

Lëtzebuergesch Carte d’identité, déi vum 2. August 2021 un ausgestallt gëtt

D’Carte d’identité ëmfaasst follgend Elementer:

Face avant d’une carte d’identité luxembourgeoise émise après le 2 août 2021
  • op der viischter Säit:
    1. den Numm, an op Demande vum Titulaire, den Numm vum liewegen oder verstuerwene Conjoint;
    2. de Virnumm oder déi 2 oder 3 éischt Virnimm;
    3. d’Nationalitéit;
    4. de Gebuertsdatum;
    5. d’Geschlecht;
    6. den Datum, wéini d’Carte d’identité ofleeft;
    7. den Numm an d’Nummer vun der Carte d’identité;
    8. eng digital Foto vum Titulaire;
    9. déi gescannten Ënnerschrëft vum Titulaire;
    10. d’Symbol, dat d’Konformitéit mat den OACI-Standarde vun de Reesdokumenter attestéiert;
Dos d’une carte d’identité luxembourgeoise émise après le 2 août 2021
  • op der Récksäit:
    1. den Datum, wéini d’Carte d’identité ausgestallt gouf, an den Uert, wou se ausgestallt gouf;
    2. den Numm an déi gescannten Ënnerschrëft vum Minister, dee fir dat Bannescht (affaires intérieures) zoustänneg ass;
    3. Informatiounen, déi elektronesch kënne gelies ginn (machine readable zone).

D’Carte d’identité ëmfaasst och follgend elektronesch Donnéeën:

  • d’Certificate fir d’Authentifizéierung a fir déi elektronesch Ënnerschrëft esou wéi déi privat Schlësselen, déi derzougehéieren;
  • eng net codéiert Foto vum Titulaire sengem Gesiicht;
  • digital Fangerofdréck;
  • déi national Identifikatiounsnummer.

Dës Donnéeë sinn duerch kryptografesch Sécherheetsmechanisme geschützt.

Lëtzebuergesch Carte d’identité, déi virum 2. August 2021 ausgestallt gouf

D’Carte d’identité ëmfaasst follgend Elementer:

Face avant d’une carte d’identité luxembourgeoise émise avant le 2 août 2021
  • op der viischter Säit:
    1. den Numm, an op Demande vum Titulaire, den Numm vum liewegen oder verstuerwene Conjoint;
    2. de Virnumm oder déi 2 oder 3 éischt Virnimm;
    3. d’Nationalitéit;
    4. de Gebuertsdatum;
    5. d’Geschlecht;
    6. den Datum, wéini d’Carte d’identité ofleeft;
    7. den Numm an d’Nummer vun der Carte d’identité;
    8. eng digital Foto vum Titulaire;
    9. déi gescannten Ënnerschrëft vum Titulaire;
    10. d’Symbol, dat d’Konformitéit mat den OACI-Standarde vun de Reesdokumenter attestéiert;
Dos d’une carte d’identité luxembourgeoise émise avant le 2 août 2021
  • op der Récksäit:
    1. den Datum, wéini d’Carte d’identité ausgestallt gouf, an den Uert, wou se ausgestallt gouf;
    2. den Numm an déi gescannten Ënnerschrëft vum Minister, dee fir dat Bannescht (affaires intérieures) zoustänneg ass;
    3. Informatiounen, déi elektronesch kënne gelies ginn (machine readable zone).

D’Carte d’identité ëmfaasst och follgend elektronesch Donnéeën:

  • d’Certificate fir d’Authentifizéierung a fir déi elektronesch Ënnerschrëft esou wéi déi privat Schlësselen, déi derzougehéieren;
  • eng net codéiert Foto vum Titulaire sengem Gesiicht;
  • déi national Identifikatiounsnummer;
  • de gewéinleche Wunnuert.

Dës Donnéeë sinn duerch kryptografesch Sécherheetsmechanisme geschützt.

 


Administrativ Demarchen

Eng Carte d’identité ufroen

Residenten

Residente froen hir Carte d’identité bei follgenden Organer un:

Informéiert Iech op Guichet.lu iwwer d’Modalitéite vun der Demande fir Residenten.

Net-Residenten

Net-Residente mussen hir Carte d’identité bei follgenden Organer ufroen:

  • beim Accueil vu Guichet.lu; oder
  • bei enger diplomatescher oder konsularescher Vertriedung vu Lëtzebuerg am Ausland.

Informéiert Iech op Guichet.lu iwwer d’Modalitéite vun der Demande fir Net-Residenten.

Eng Deklaratioun vum Verloscht, Déifstall oder vun der Zerstéierung vun der Carte d’identité maachen

All Titulaire vun enger Carte d’identité, deen de Verloscht, den Déifstall oder d’Zerstéierung dovu feststellt, muss esou séier ewéi méiglech eng Deklaratioun bei der Police maachen. Dës Deklaratioun kann entweeder online, iwwer d’Plattform MyGuichet.lu, oder perséinlech bei engem Kommissariat vun der Police gemaach ginn. D’Persoun, déi d’Deklaratioun mécht, kritt eng Attestatioun.

Parallel zu der Deklaratioun bei der Police muss den Titulaire och follgend Organer informéieren:

  • d’Gemengeverwaltung vun sengem gewéinleche Wunnuert; oder
  • den Accueil vu Guichet.lu; oder
  • wann en am Ausland ass, déi concernéiert diplomatesch oder konsularesch Vertriedung

fir d’Suspensioun vun den elektronesche Certificaten a vun der Carte d’identité unzufroen.

Informéiert Iech op Guichet.lu iwwer de Verloscht, den Déifstall oder d’Zerstéierung vun der Carte d’identité.

 


Déi elektronesch Certificaten

D’Carte d’identité ëmfaasst Certificate fir d’Authentifizéierung a fir déi elektronesch Ënnerschrëft, mat deenen sech den Titulaire bei Online-Servicer kann identifizéieren.

Aktivéierung vun de Certificaten

D’Aktivéierung vun dëse Certificaten erfollegt opgrond vun der explizitter Demande vum Titulaire vun der Carte d’identité, wann en d’Demande fir eng nei eID-Kaart mécht. E muss an deem Fall déi allgemeng Notzkonditioune vun de Certificaten akzeptéieren.

Den Titulaire kritt mat der Post e Courrier mam PIN- a PUK-Code a mat den néidegen Uweisunge geschéckt, fir déi elektronesch Certificaten ze aktivéieren. Dëst Dokument muss op enger sécherer Plaz versuergt ginn.

Bei der éischter Verwendung vun de Certificate gëtt den Titulaire gebieden, den initiale PIN-Code, deen hie mat der Post geschéckt krut, duerch e PIN-Code vu sengem Choix ze ersetzen. 

Fir sech bei ëffentlechen Online-Servicer a bei verschiddene Lëtzebuerger Banken anzeloggen, brauch den Titulaire vun der Carte d’identité:

Neiprinte vum Courrier mam PIN- a PUK-Code

Am Fall vum Verloscht oder der Zerstéierung vum Courrier mam initiale PIN-Code a mam PUK-Code kann den Titulaire froen, fir dësen nach eng Kéier printen ze loossen. Dës Demande gëtt iwwer Telefon beim Helpdesk vu Guichet.lu gemaach.

Weider Informatiounen iwwer déi praktesch Modalitéite vun der Demande fannt Dir am Erklärungstext op Guichet.lu.

Suspensioun, Reaktivéierung a Widderruff vun de Certificaten

En Titulaire vun enger aktivéierter Carte d’identité kann zu all Moment d’Suspensioun, d’Reaktivéierung an de Widderruff vu senge Certificaten ufroen.

D’Suspensioun oder de Widderruff vun de Certificate fir d’Authentifizéierung a fir d’Ënnerschrëft huet keen Afloss op d’Gültegkeet vun der Carte d’identité.

Suspensioun

D’Suspensioun vun de Certificate ka gemaach ginn:

  • iwwer Telefon um (+352) 24 550 550 (Service 24/7); oder
  • andeem een sech perséinlech am Accueil vu Guichet.lu presentéiert; oder
  • online:
Reaktivéierung

D’Reaktivéierung vun engem suspendéierte Certificat ka gemaach ginn:


Widderruff

De Widderruff vun de Certificate ka gemaach ginn:

  • iwwer Telefon um (+352) 24 550 550 (Service 24/7); oder
  • andeem een sech perséinlech am Accueil vu Guichet.lu presentéiert; oder
  • online:

Sidd Iech wgl. bewosst, datt d’Widderruffe vun engem Certificat definitiv ass.

Aktualiséiert