Ausschreiwung fir Projeten zur digitaler Inklusioun 2023

De Ministère fir Digitaliséierung huet eng Ausschreiwung lancéiert, fir d'Finanzéierung vu Projeten, déi di digital Inklusioun zu Lëtzebuerg fir 2023 fërderen. Dës Ausschreiwung ass Deel vun der Strategie fir d'Ëmsetzung vum nationalen Aktiounsplang fir digital Inklusioun

D'Ausschreiwung 2023 ëmfaasst dräi grouss Aktiounsberäicher:

1. Déi digital Motivatioun an dat digitaalt Vertraue steigeren

Betraff si Projeten, déi di digital Motivatioun an dat digitaalt Vertraue vu Persounen, déi net an der digitaler Welt doheem si, fërderen an ënnerstëtzen.

An dësem Kontext si Projeten, déi di folgend Ziler hu, besonnesch gefrot:

  • D'Benotze vun digitalen Technologien ze fërderen an d'Bedeelegung un der digitaler Welt z'ënnerstëtzen,
  • Sensibiliséierung fir déi digital Erausfuerderungen a Geforen,
  • Eng responsabel Notzung ze fërdere grad ewéi déi richteg Reflexer fir sech online ze schützen,
  • Persounen, déi net an der digitaler Welt doheem si mat anzebannen an ze begleeden.

2. Den Accès zu den digitalen Technologië vereinfachen

Betraff si Projeten, déi den Accès zu den digitalen Technologië vereinfachen a verbessere sollen. Dobäi gëtt besonnesch Wäert op d'Entwécklung vun der digitaler Accessibilitéit an d'Schafe vu Kontaktstelle geluecht.

An dësem Kontext si Projeten, déi di folgend Ziler hu, besonnesch gefrot:

  • den Accès zu den IKT-Outilen ze erméiglechen,
  • déi digital Accessibilitéit ze promouvéiere fir sécherzestellen, datt den Inhalt deen ugebuede gëtt engem villfältege Public zougänglech ass,
  • déi digital Inklusioun an der Gestaltung vun digitale Léisungen ze fërderen an ze prioriséieren, fir eng besser Benotzerfrëndlechkeet an e verbesserten Accès ze garantéieren,
  • d'Schafe vun ëffentleche Kontakt- an Zougangsstellen op nationalem a kommunalem Niveau ze fërderen.

3. Digital Kompetenzen entwéckelen

Betraff si Projeten, déi di digital Grondkompetenze vun de BiergerInnen entwéckele sollen. Dobäi gëtt besonnesch Wäert op Projete geluecht, déi dezentraliséiert Ausbildungsméiglechkeeten an/oder en individuellen Encadrement ubidden.

An dësem Kontext si Projeten, déi di folgend Ziler hu, besonnesch gefrot:

  • d'Entwécklung vun enger digitaler Biergerschaft, d.h. Formatioun oder Kompetenzen entwéckele fir ze léieren a kënnen aktiv un enger digitaler Gesellschaft deelzehuelen,
  • d'Entwécklung vun analogen, audiovisuellen an/oder digitale Supporten, fir d'digitaalt Léieren ze vereinfachen,
  • d'Fërderen an d'Ënnerstëtze vun neien Approchen an der Formatioun an der Notzung vun digitale Medien an IKT-Outilen,
  • d'Fërdere vu Formatiounen, déi un déi verschidde Fäegkeetsniveauen ugepasst sinn an a verschiddene Sprooche proposéiert ginn, fir op d’Besoine vun den eenzelen Zilgruppen anzegoen,
  • sech dozou engagéiere fir Méiglechkeete fir eng professionell Ëmschoulung unzebidden.

Déi éischt Ausschreiwung gouf 2022 lancéiert mat enger Gesamtenveloppe vun 150.000 Euro. 29 Dossiere goufe beim Ministère eragereecht a 6 Projete kruten eng Finanzéierungszouso.

Fir d'Ausschreiwung 2023-2024 disposéiert de Ministère iwwer eng Gesamtenveloppe vun 250.000 Euro.

D'Ausschreiwung gesäit d'Finanzéierung vu Projeten ab engem Montant vun 10.000 Euro pro Projet vir..

Et ginn zwou Online-Informatiounsversammlungen organiséiert, Dënschdes, den 31. Januar 2023 um 15.00 Auer an Donneschdes, den 2. Februar 2023 um 10.00 Auer..

Associatiounen, privat Organisatiounen, ëffentlech Institutiounen, Gemengen, Gemengesyndikater, Beruffskummeren, Formatiounszenteren an ëffentlech Fuerschungsinstituter kënnen sech ënner folgender Adress info@zesummendigital.public.lu umellen, andeems si uginn u wéi enger Versammlung si deelhuele wëllen.

De Stéchdatum fir eng Demande fir d'Finanzéierung vun engem Projet eranzereechen, ass den 10. Mäerz 2023 um 12:00 Auer.

Aktualiséiert