Presentatioun vum digitale CovidCheck-Certificat (EU DCC) an der CovidCheck.lu App

D'Gesondheetsministesch Paulette Lenert an den delegéierte Minister fir Digitaliséierung Marc Hansen presentéieren op der Pressekonferenz d'Modalitéiten, wéi een den digitalen EU-COVID-Certificat kritt a wéi een e benotzt. Weider gi si Detailer iwwert d'Funktiounsweis vun der CovidCheck.lu App, dat en vue vun deem zukünftege COVID-Gesetz. Op der Pressekonferenz huelen och den Direkter vun der Santé, den Dr. Jean-Claude Schmit, an den Direkter vum CTIE, de Patrick Houtsch, deel. 

De Livestream fänkt géint 16 Auer un.

De Livestream mat franséischer Iwwersetzung fannt Dir hei.

Wann Dir Problemer hutt de Video ofzespillen, da probéiert folgende Link

De Video ass kuerz drop op youtube disponibel.

 

Aktualiséiert