Upassung vun der CovidCheck.lu-App mat Hibléck op déi nei Anti-COVID-Mesuren

D'CovidCheck.lu-App ass un déi nei Anti-COVID-Mesuren adaptéiert ginn, déi d'Regierung am Kampf géint d'Pandemie ugekënnegt huet. D'Benotzer hunn elo d'Méiglechkeet sech mat der neier Versioun vun der App ze familiariséieren.

Fir all Situatioun eng eegene Rubrik

Déi Persoun, déi e Certificat mat der CovidCheck.lu-App kontrolléiert, muss ab elo beim Opmaache vun der App tëscht 3 Menüe wielen:

  • 3G (geimpft, geheelt oder getest) fir déi Fäll, déi am Anti-COVID-Gesetz festgehale sinn,
  • 2G (geimpft, geheelt oder getest) fir déi Fäll, déi am Anti-COVID-Gesetz festgehale sinn,
  • "Voyage"/"Travel" fir déi offiziell Areesbestëmmunge vum Zilland.

No der Kontroll affichéiert d'App den Numm vun der Persoun, där de Certificat gehéiert, souwéi d'Resultat vum Scan (gülteg oder ongülteg).

Am Fall vum 3G System, muss d'Persoun ee gültegen Impf-Certificat, Geheelt-Certificat oder negative COVID-19 Test-Certificat presentéieren.

Am Fall vum 2G System, muss d'Persoun ee gültegen Impf-Certificat oder Geheelt-Certificat presentéieren.

Bei enger Rees an d'Ausland, muss d'Persoun, déi d'Kontroll mécht, an der App op "Voyage"/"Travel" klicken, dono ka si de Certificat scannen a gesäit d'Fändele vun de verschiddene Länner, fir déi een d'Gültegkeet vum Certificat iwwerpréiwe kann.

D'App applizéiert déi offiziell Areesbestëmmunge vum Zilland, sou wéi se am offiziellen EU-Gateway verëffentlecht sinn. Spezifesch Reegelen, déi fir bestëmmte Situatiounen am Zilland gëlle kënnen, ginn net consideréiert.

Videoe mat enger Beschreiwung zur Notzung vun der App sinn op follgender Adress disponibel: https://youtu.be/N5jx7yDCTU0 an https://youtu.be/bPJ6ucUl_dE

D'CovidCheck.lu-App ass am App Store an am Google Play Store verfügbar. Notzer vun der App, déi keng automatesch Updates vun der App op hirem Smartphone aktivéiert hunn, kënnen déi nei Versioun vun der CovidCheck-App an deem Store eroflueden, vu wou si och d'App hunn. Et gëtt och recommandéiert, d'App mam nationale System ze synchroniséieren. Dofir muss een an der App op "Paramètres" an dono op "Synchroniser avec le système national" klicken.

De Marc Hansen, Delegéierte Minister fir Digitaliséierung, felicitéiert den Ekippe vum CTIE fir hir Beméiungen, dës Upassungen a Rekordzäit ëmzesetzen.

Communiqué vum Ministère fir Digitaliséierung a vum Gesondheetsministère

Aktualiséiert