CovidCheck.lu App a Gültegkeet vun der "Booster"-Impfung

CovidCheck.lu App

Am Apple App Store a Google Play Store ass zurzäit eng nei Versioun vun der Lëtzebuerger CovidCheck.lu App verfügbar. An Zukunft affichéiert d'CovidCheck.lu App de Status "invalide" (ongülteg) beim Scanne vu sougenannte "Fantasiefäll", iwwert déi di lescht Deeg vill diskutéiert gouf.

Notzer vun der App, déi keng automatesch Updates vun der App op hirem Smartphone aktivéiert hunn, kënnen déi nei Versioun vun der CovidCheck-App an deem Store eroflueden, vu wou si och d'App hunn.

D'Notzer ginn och gebieden d'App mam nationale System ze synchroniséieren, andeems se d'Optioun "Paramètres" (Parameter) an der App auswielen, an dann "Synchroniser avec le système national" (Mam nationale System synchroniséieren) uklicken.

De "Booster"-Certificat ass direkt gülteg

Et ass wichteg drop hinzeweisen, dass de Certificat vum Impf-Rappel – och "Booster"-Impfung genannt – hei am Grand-Duché direkt no dësem Rappel gülteg ass.

Well all Land seng eege Reegelen an dësem Beräich decidéiere kann, gëtt all Persoun, déi an d'Ausland reese wëll, recommandéiert sech am Virfeld iwwert d'Virschrëften am Zilland ze renseignéieren. Et gëtt och recommandéiert esouwuel de Certificat vum Impf-Rappel, wéi och de Certificat vun der Éischtimpfung ëmmer bei sech ze hunn. Dëse behält seng Gültegkeet och nom Impf-Rappel.

All d'Certificate sinn op MyGuichet.lu an an der MyGuichet.lu App verfügbar.

Communiqué vum Gesondheetsministère / Ministère fir Digitaliséierung

Aktualiséiert