E wichtege Schratt a Richtung Inklusioun: Guichet.lu elo och an einfacher Sprooch

Sou wéi den 19. November vum Marc Hansen, delegéierte Minister fir Digitaliséierung, ugekënnegt, goufen um Informatiounsportal Guichet.lu déi éischt Texter online op einfacher Sprooch verëffentlecht. Dës Sprooch adresséiert sech an éischter Linn u Persoune mat enger geeschteger Behënnerung a Persoune mat enger Lies- oder Schreifschwächt.

Säit dem Ufank vu sengem Mandat huet de Ministère fir Digitaliséierung sech dofir engagéiert, déi verschidde Méiglechkeiten ze préiwen, wéi een all d'Bierger un der digitaler Transformatioun kann deelhuele loossen, fir esou der digitaler Spaltung vun der Gesellschaft entgéintzewierken. Déi nei Texter op einfacherer Sprooch reflektéieren de Wëlle vum Ministère fir d'Digitaliséierung als Chance fir d'Inklusioun vun alle Bierger ze notzen.

Eng vun deene gréissten Erausfuerderungen vum Ministère ass déi digital Inklusioun, e Prozess, deen als Zil huet, fir dat Digitaalt all Mënsch zougänglech ze maachenan domat seng sozial an ekonomesch Inklusioun ze erliichteren.

An enger éischter Phas goufe fënnef Texter op einfacher däitscher Sprooch, allgemeng bekannt als "Leichte Sprache", online op Guichet.lu, dem Informatiounsportal vum Zenter fir Informatiounstechnologien (CTIE), verëffentlecht. Hei geet et ëm alldeeglech Demarchen, wéi beispillsweis d'Ufroe vun engem Gebuertsschäin, de Remboursement vu Krankerechnungen oder d'Ufroe vun enger Carte d'identité.

Am Laf vun de nächste Méint wäert d'Offer awer weider ausgebaut ginn, ënnert anerem op d'Beräicher sozial Sécherheet, Biergerugeleeënheeten, Wunnengsbau oder Rechter vu Passagéier. Op déi Manéier soll jiddwereen eegestänneg seng administrativ Demarchen zu Lëtzebuerg ausféiere kënnen.

D'Texter goufen an Zesummenaarbecht mat Klaro, dem offizielle Büro fir déi einfach Sprooch zu Lëtzebuerg, engem Service vun der Associatioun fir Persoune mat engem Handicap (APEMH), ausgeschafft. Opgrond vun dëser Zesummenaarbecht konnten d'Texter vu Persounen, déi op eng einfach Sprooch ugewise sinn, iwwerlies a validéiert ginn. Esou konnt d'Equipe vum CTIE séchergoen, datt all d'Beschreiwunge fir déi viséiert Lieser verständlech sinn.

Communiqué vum Ministère fir Digitaliséierung

Aktualiséiert