De Marc Hansen op den "Luxembourg Internet Days": "De gréissten Defi vum Iwwergang an den digitalen Zäitalter besteet doranner, aus der digitaler Welt eng Opportunitéit fir jiddereen ze maachen."

Den 13. November 2019 huet de Marc Hansen, delegéierte Minister fir Digitaliséierung, d'Inauguratiounsried vum Digital Day am Kader vun de Luxembourg Internet Days, déi vu LU-CIX organiséiert ginn, gehalen.

  1. ©Luxembourg Internet Day 2019 / LU-CIX

    Marc Hansen, delegéierte Minister fir Digitaliséierung, während senger Ried
  2. ©Luxembourg Internet Day 2019 / LU-CIX

    Luxembourg Internet Days

De Marc Hansen huet d'Schwéierpunkte vun der Aarbecht vum Ministère fir Digitaliséierung virun gouvernement Public vu zuelräichen ICT-Experte virgestallt. Hien huet iwwert d'Efforte geschwat, déi de zoustännege Ministère ënnerhëlt, fir de Bierger an Entreprisë benotzerfrëndlech, innovativ an zougänglech, digital Déngschter zur Verfügung ze stellen.

Dem delegéierte Minister no, erfuerdert eng vernetzte Welt, déi vun der Schnellegkeet, dem Deelen an der Zesummenaarbecht gepräägt ass, nei Attitüden a gestäerkten Eegenschaften am Beräich vun de Soft Skills. "D'Autoritéiten, awer och d'Institutiounen, mussen déi bürokratesch Aspekter reduzéieren, fir u Flexibilitéit ze gewannen."

Ofschléissend besteet fir de Marc Hansen de gréissten Defi vum Iwwergang an den digitalen Zäitalter doranner, aus der digitaler Welt eng Opportunitéit fir jiddereen ze kreéieren an dësen zu engem Integratiounsmëttel ze maachen, onofhängeg vu der Roll (Bierger oder Entreprise) déi een anhëlt.

 

Communiqué vum Ministère fir Digitaliséierung

Aktualiséiert