Ministère fir Digitaliséierung // D’Lëtzebuerger Regierung
Hei fannt Dir alles iwwer d'elektronesch Rechnung zu Lëtzebuerg.
All weider Froe kënnt Dir un info@efact.public.lu schécken oder rufft un op den 247-72155.
Attributiounen
De Regierungsprogramm, deen den 11. Dezember 2018 vum Premierminister Xavier Bettel an der Chamber presentéiert gouf, spigelt de Wonsch vun der Regierung erëm, fir d’Digitaliséierung ze prioriséieren.
Sou gouf fir d’éischte Kéier e Ministère fir Digitaliséierung geschafen, dee vum Premierminister, Minister fir Digitaliséierung Xavier Bettel an dem delegéierte Minister fir Digitaliséierung Marc Hansen geleet gëtt.