Interview mam Marc Hansen am FGFCmag

"Mir brauchen Talenter déi bei eis komme wéinst deem wat bei eis geschitt!"

Interview: FGFCmag

FGFCmag: Bonjour Här Minister, wéi fillt een sech als Chef vun iwwer 40.000 Leit déi an der Fonction publique schaffen?

Marc Hansen : Ma et ass mer perséinlech eng Éier fir Minister fir d'Fonction publique ze sinn. Virun allem, well ech an deem Joer wou ech elo am Amt sinn, festgestallt hunn, datt d' Diversitéit vun de Métieren am ëffentlechen Déngscht ganz grouss ass. Dobäi kënnt, datt hei vill kompetent an engagéiert Leit schaffen. Ech sinn also houfreg, dee Posten ze bekleeden.

FGFCmag: Firwat hutt Dir lech eigentlech décidéiert an d'Politik ze goen?

Marc Hansen : Dat war en Impuls deen ech deemools hat, wéi ech a meng nei Gemeng geplënnert sinn a gefrot gouf, ob ech mech eventuell wéilt politesch engagéieren. Ech hu mer gesot: Et geet net duer nëmmen ze kritiséieren, mee wann's de eppes wëlls änneren, muss de dech och engagéieren. Dobäi koum, datt zu där Zäit meng Kanner nach zimlech kleng waren, an ech mech och lokal fir hier Zukunft wollt asetzen. Ech maachen also net Politik fir mech, mee fir déi Aner, jo fir d'Kollektivitéit wann der esou wëllt. Dëst war mäi Wee an d 'Politik an dat maachen ech elo zënter 2005. Ech hunn dat iwweregens bis elo nach net bereit.

FGFCmag: Äre schéinste Feeler an Är schlëmmste Qualitéit?

Marc Hansen : Ech gehéieren zu deenen, déi hier Qualitéite weder ervirsträichen nach iwwert hier Feeler schwätzen. Dëst ass menger Meenung un deenen Anere fir dat ze bewäerten. Eng aner Äntwert kritt der och net vu mir.

FGFCmag: Nieft der Politik, wat gëtt lech Halt a Stabilitéit fir lech am "daily business" duerchzeschloen?

Marc Hansen : Ech si frou eng gutt Famill doheem ze hunn, op déi ech mech ëmmer erëm ka verloossen. Et hëlleft schonns, wann een heiansdo méi intensiv Wochen huet, fir a perséinleche Gespréicher mat Fra a Kanner den Ausgläich ze fannen.

FGFCmag: Wat ass fir lech d 'Definitioun vum Terme "politesch Responsabilitéit"?

Marc Hansen : Den Terme "politesch Responsabilitéit" ass eppes zimlech Vastes an ass och ganz breet gefächert. De politesche Business gëtt ëmmer méi schnell. Et sollt een sech awer villäicht grad dowéinst och déi néideg Zäit huelen, fir déifgräifend Reflexiounen iwwert den Impakt vun esou munchen Décisiounen déi ustinn, ofzeweien.

FGFCmag: Digitaliséierung ass e grousst Wuert: Wat versti Dir konkret heirënner?

Marc Hansen : Effektiv, d' Digitaliséierung ass e ganz vaste Beräich. Dat geet vun z.B. mat engem Word-Dokument schaffe bis hin zu "Fintec's" am professionelle Finanzberäich. Dat geet vun der "intelligence artificielle" bis hin zu administrative Prozeduren déi méi séier a biergerfrëndlech ginn. Beim Staat geet et dorëms déi intern Prozesser ze optimiséieren. Mee och hei muss wéinst der Digitaliséierung net alles digital ginn. Et brauch de Fokus dorops wat d'Digitaliséierung deem Eenzelne bréngt bzw. wat Sënn mécht fir dat Ganzt. L'art pour l'art bréngt hei also näischt.

FGFCmag: Wou sti mer hei am internationale Vergläich? Wat sinn hei eis Défien?

Marc Hansen : Op europäeschem Niveau si mer ganz virbäi wat d' Konnektivitéit, d'Infrastrukturen an awer och d'Kompetenzen ugeet. Am Beräich vum E-Gouvernement gëllt et nach Efforten ze maachen. Hei hunn ech z.B. am leschte Joer gesinn, datt mer an dësem Beräich vill kompetent Leit bei eis schaffen hunn. Dofir sinn ech och iwwerzeegt, datt elo, wou mer dat Ganzt nach méi héich op déi politesch Agenda geholl hunn, datt mer och wäerte weiderkommen.

FGFCmag: Kuerz viru Chrëschtdag, villäicht dann déi heite Fro: Wat gëtt et bei Hansen's z'iessen op Hellegowend?

Marc Hansen : Normalerweis leeft de klassesche Programm: Mir maachen eng Dinde déi mer mëttes an engem kollektiven Effort, preparéieren a fëllen. Schonns eleng des kollektiv Approche bréngt vill Freed um Zesummesinn.

FGFCmag: Sidd Dir éischter "Blockchain" oder" Blockbuster"?

Marc Hansen : Weder nach...

FGFCmag: Chrëschtdag zu Lëtzebuerg, ass dat besser wéi iergendwou anescht?

Marc Hansen : Dat kann ech lech schwéier soen, well ech perséinlech schonns zënter Joren, zesumme mat Frënn a Famill, fir Chrëschtdag net am Land sinn. Dëst ass fir eis, wann der esou wéilt, och eng Traditioun. Mir maachen dëst schonns laang Joren a mëttlerweil kommen dann och eis, respektiv der Famill oder de Frënn hir Kanner aus aller Welt direkt dohinner a mir gesi kollektiv wéi schnell den Zuch no fir fiert.

FGFCmag: Komme mer zeréck bei d'Fonction publique, wat e groussen Terme ass. E Schoulmeeschter, ass kee Polizist ass kee Steierbeamten ass kee Gemengesekretär ass keen Agent municipal asw. Wéi kritt een dat Ganzt ënnert een Hutt, mat all deene Spezifizitéiten?

Marc Hansen : Dat ass eng grouss Erausfuerderung, well et effektiv ganz divergent Ufuerderunge fir déi eenzel Beruffer gëtt. D'Fonction publique a senger Essenz ass also immens vaste. An deem Kontext gëllt et e gudde Kader ze schafen, dee fir jidderee kann eng Referenz sinn, innerhalb deem een, juristesch geschwat, déi verschidde Gesetzer kann dran integréieren. D'Leit brauchen a siche Garantien déi fir d'ganz Fonction publique gläich sinn. Fir alles dat awer ënnert een Hutt ze kréien, dat ass eng grouss Konscht. Dëst gëtt zukënfteg nach ëmmer méi komplex, well d' Métieren sech och nach dauernd weiderentwéckelen oder carrément anescht ginn. D'Demanden an d' Besoinen vun de Leit änneren, sinn iwweregens laang net méi déi wéi virun 20 Joer. Et ass also en undauernden evolutive Prozess.

FGFCmag: Wou gesi Dir d'Stäerkten vun der Fonction publique?

Marc Hansen : Zu Lëtzebuerg hu mir eng gutt a staark Fonction publique, déi Garant ass fir Onofhängegkeet a fir Qualitéit. Dëst si Wäerter déi mer zesumme sollten héich halen. De Staat kritt op ville Plaze vertraut, well et ebe grad de Staat ass. D'Leit hunn also Vertrauen an déi Leit, déi beim Staat an de Gemenge schaffen, an dat ass eis Stäerkt. Et ass mir och wichteg, datt mir déi Stäerkt nach méi no bausse weisen. Ech hunn d'Impressioun wéi wa mir eis am ëffentlechen Déngscht heiansdo onbegrënnt e bësse kleng maachen. Ech weess net direkt firwat, villäicht aus vergaangene Klischeeën eraus. Ech selwer si säit ronn 5 Joer an enkem Kontakt mat Leit aus der Fonction publique an ech kann et nëmmen ëmmer erëm widderhuelen: ech hunn hei immens gutt Leit kenne geléiert. Mir sollten eis also net schumme fir eis eege Kompetenz. Dofir sollte mer dat bausse villäicht mat méi Selbstbewosstsinn zum Ausdrock bréngen. Dëst ass wichteg fir ze weisen, datt mir en attraktiven Employeur sinn. Dëst net zulescht well mer Talenter brauchen, déi net eleng an d'Fonction publique komme wéinst der Sécherheet an der Pei mee och a virun allem dowéinst wat do geschitt.

FGFCmag: Wou gesi Dir d'Schwächten, wat Dir konkret verbesseren?

Marc Hansen : Nieft dem elo grad ugeschwate Problem vun der manner selbstbewosster Duerstellung no baussen, gesinn ech, datt nach esou munches ze di bleift wann et heescht d'Fonction publique als attraktive Patron ze positionéieren. Am Géigesaz zu viru 20 Joer, erreecht der déi Jonk vun haut net nëmme méi mat de klassesche Fuerderung vun enger gudder Pei oder der Beschäftegungsgarantie. Déi sinn op der Sich no nach ganz aner Saachen. Hei geet et ëm Liewensqualitéit, Verbanne vu Beruff a Famill asw. Och begéine mer ëmmer méi jonk Leit déi net komme fir direkt eng Carrière vu 40 Joer ze hunn. Déi komme mam Laptop ënnert dem Aarm a froen, gitt mir 1-2 Projeten déi ech fir eng gewëssen Zäit kann a wëll maachen. Hei brauche mer méi Flexibilitéit am aktuelle System. Eis Défie sinn also, eis hei net selwer an de Féiss ze stoen. Mir hunn där Enger déi op der Sich no enger länger Carrière an der Fonction publique sinn, mee mir hunn wéi gesot, och där Anerer, déi dat anescht gesinn. Mir sollte fir béid attraktiv sinn. Hei bleift nieft Ausbau vum Télé-travail a Flexibilitéit nach e Wee ze trëppelen.

FGFCmag: CGPO, Service psychosocial, Fonctions et compétences: Vill Neies ass komm oder ënnerwee. Wéi sinn Är Erfahrungen heimat?

Marc Hansen : Ech erliewen déi verschidde Servicer direkt an hirer Aktivitéit hei am Haus. Déi vun lech zitéiert Servicer sinn agefouert bzw. reforméiert ginn, fir datt de Staat e méi attraktiven Employeur soll ginn an doriwwer eraus d'Personal sur Place besser encadréiert ass. Och hei hu mer ganz kompetent an engagéiert Leit. De Staat als Patron ass villes: Iwwert d'Astellungsprozeduren, d'Formatioun a Liewe laang bis hin zum perséinlechen Encadrement op der Aarbecht, dëst an engem Kontext vu moderner Aarbechtswelt inklusiv soft skills. Heibai ass alles a permanenter Evolutioun. Mir sinn hei schonns säit längerem ënnerwee, mee et bleift nach esou munches ze dinn.

FGFCmag: Schwätze mer vun de Gemengen, huet Äre Ministère iwwerhaapt e Fokus op de Gemengesecteur?

Marc Hansen : De Portefeuille vun de Gemenge läit am Inneministère. An de leschte Jore sinn et ëmmer méi Projete ginn, wou Gemengen a Staat méi no beienee geréckelt sinn. INAP, Aarbechtsmedezin an aktuell d'Astellungsexame sinn hei e puer Beispiller. Hei ass a bleift nach villes ze maachen, virun allem well de Changement tëscht Gemeng a Staat a vice-versa elo vill méi einfach ass. Vill Neies an Innovatives soll och bei d'Gemenge kommen, dëst geschitt iwweregens schonns op ville Plazen. Bei allen Developpementer sollte mer kucken, op et fir d'Gemengen och sënnvoll ass an, le cas échéant, dat natierlech och bei de Gemenge weider entwéckelen. Mir brauchen also op béide Säiten d' Rad net ëmmer nei ze erfannen.

 

Aktualiséiert